![]() |
Op dëser Säit stinn eng Partie Artikele vu Leit, déi de selwechte Virnumm hunn an dofir ausernee gehale musse ginn. Fir méi Informatiounen, liest wgl. den Artikel iwwer d'Homonymie an der Wikipedia. |
Étienne | |
---|---|
![]() | |
Geschlecht | männleche Virnumm |
Aussprooch | /etjɛn/ |
Namensdag | 26. Dezember |
Ursprong | |
Genannt no | Hellege Stephanus |
Varianten | |
Alternativen | Stefan, Stephan, Steve, Steven, Steffen |
Spëtznumm | Ët(chen), Ët(es), Ëti |
Anert Geschlecht | Étiennette, Tiennette, Stéphanie |
Änleche Familljennumm | Étienne |
![]() |
Étienne oder Etienne ass déi franséisch Form vum Stefan oder Steven an, am franséischsproochege Raum a ronderëm, e geleefege männleche Virnumm. Étienne kënnt awer och als Familljennumm vir.
Den Numm Étienne geet gemenkerhand op den éischte Märtyrer vum chrëschtleche Glawen, den hellege Stephanus, zeréck.
Den Étienne feiert säin Namensdag op Stiefesdag, de 26. Dezember, als Referenz un den hellege Stephanus.
Varianten am Lëtzebuergesche sinn: Ët(chen), Ët(es), Ëti[1].
An anere Sprooche gëtt et eng sëllege Varianten, sou wéi och an hiren Diminutiv- oder Affektivformen, sou z. B.: Esteban, Stepas, Steponas, Stefano, Stephen, …
Commons: Etienne – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Commons: Étienne – Biller, Videoen oder Audiodateien |