Albert Knapp | |
---|---|
Gebuer |
25. Juli 1798 Tübingen |
Gestuerwen |
18. Juni 1864 Stuttgart |
Nationalitéit | Däitschland |
Educatioun | Eberhard Karls Universitéit Tübingen |
Aktivitéit | Dichter, Schrëftsteller, Paschtouer |
Den Albert Knapp, gebuer de 25. Juli 1798 zu Tübingen, a gestuerwen den 18. Juni 1864 zu Stuttgart, war en däitschen Dichter an evangeelesche Geeschtlechen.
Vun 1845 bis zu sengem Doud war en als Nofollger vum Gustav Schwab éischte Paschtouer vun der Leonhardskierch zu Stuttgart. Hien huet ongeféier 1200 Gedichter geschriwwen an 1837 am "Evangelischen Liederschatz für Kirche und Haus" eng Auswiel vu bal 4000 Lidder verëffentlecht.
De 17. Juni 1837 huet hien den éischten Déiereschutzveräin vun Däitschland gegrënnt.
Commons: Albert Knapp – Biller, Videoen oder Audiodateien |