D'Allied Command Europe Mobile Force (AMF, och: ACE Mobile Force) war e multinationale mobilen NATO-Verband fir de Kommandoberäich Europa mat Haaptquartéier zu Heidelberg an Däitschland. De Verband war direkt dem ACE mat PC um SHAPE zu Casteau bei Mons an der Belsch ënnerstallt. D'AMF gouf 2002 opgeléist.
D'AMF war e multinationale Verband op Brigadeniveau mat Land- a Loftsträitkräften an huet wärend dem Kale Krich der strategescher Verbesserung vum Flankeschutz gedéngt. Bedeelegt Natioune waren d'USA, Groussbritannien, Kanada, Italien, d'Belsch, Holland, Lëtzebuerg an Däitschland. Am Fall vun engem Ugrëff vun de Staate vum Warschauer Pakt sollt en direkte Géigeschlag gemaach ginn, deen zugläich d'Solidarität vun de bedeelegte Natiounen am Bëndnes demonstréiere géif. Bis zur Mobilisatioun sollten d'Haaptkräfte vun der AMF an den nationale Verbänn vun de bedeelegte NATO-Staate bleiwen.
Vum 7. bis 18. Oktober 2002 war d'AMF am multinationale Manöver "Cooperative Adventure Exchange" an der Ukrain mat derbäi. Dat war zugläich de leschte Manöver vun der AMF an déi éischt NATO-Übung, déi um Gebitt vun engem fréiere Member vum Warschauer Pakt ofgehale gouf.
Den 30. Oktober 2002 gouf den NATO-Agräifverband opgeléist.