Ënner Astrogeodesie oder Geodetesch Astronomie versteet een déi Methode vun der Geodesie an Astrometrie, bei deene Miessunge vun Himmelskierper an aneren extraterrestreschen Ziler gemaach ginn d'Koordinatesystemer vun der Sphärescher Astronomie benotzt ginn.
Zentral Aufgab ass dobäi d'Bestëmmung vu Loutrichtunge (Loutofwäichunge) an anere Richtunge vum Äerdraum an engem äerdfeste Bezuchssystem. D'Positioune ("Plaze") vun den Himmelskierper sinn an engem zälesteschen oder Himmelskoordinatesystem festgeluecht oder ze bestëmmen. D'Bezéiung vun de béide Systemer hänkt mat der Stellung vun der Äerd am Weltraum zesummen, virun allem d'Äerdrotatioun.
Weider ginn och Miessunge vu kënschtlechen Äerdsatellitten (Satellittegeodesie) a vu Quasaren (Kosmesch Geodesie) benotzt, well sech astronomesch Geodesie an Astrometrie eppes iwwerschneiden.
Dobäi ginn och verschidde Methode vun der Distanzmiessung a prezister Zäitmiessung agesat.
D'Ziler vun dëse Miessunge si multiplex:
Déi benotzte Moossinstrumenter sinn – wéi an aner Deelgebidder vun der Geodesie – haaptsächlech Theodolite, Tachymeter a Quarzaueren, fréier och Vakuum-Pendelaueren a prezis Chronometer.
Doriwwer eraus och méi kleng bis mëttelgrouss Spezialinstrumenter aus dem Beräich vun der Astronomie an Astrometrie, déi entweeder visuell, fotografesch oder optoelektronesch schaffen:
souwéi (iwwerschneidend mat der Satellittegeodesie an der Geophysik) en ettlech vun deenen hire Miessmethode, z. B. mat
Wichteg Entwécklunge verdankt d'Astrogeodesie ë. a. follgende Fuerscher: