Augusto Vera | |
---|---|
Gebuer |
4. Mee 1813 Amelia |
Gestuerwen |
13. Juli 1885 San Giorgio a Cremano |
Nationalitéit | Kinnekräich Italien |
Aktivitéit | Philosoph, Politiker, Iwwersetzer |
Den Augusto Vera, gebuer de 4. Mee 1813 zu Amelia, a gestuerwen den 13. Juli 1885 zu San Giorgio a Cremano, war en italieenesche Philosoph.
Hien huet sech haaptsächlech als Iwwersetzer an Interpret vun der Philosophie vum Georg Wilhelm Friedrich Hegel ervirgedoen. Duerch d'Iwwersetzung vun den dräi Deeler vun der Enzyklopedie vun de philosophesche Wëssenschaften - Logik (1859), Naturphilosophie (1863-66), Philosophie vum Geescht (1867-69) - an de Virliesungen iwwer d'Philosophie vun der Relioun (1876-78) huet e wesentlech zu der Hegel-Receptioun a Frankräich an an Italie bäigedroen.