Numm |
lb: Nei Avenue fr: Avenue de la Liberté |
---|---|
Fréieren Numm |
fr: Avenue Adolphe (bis 1925)[1] de: Adolf-Hitlerstraße (1940-1944) |
Deel vun | N3 |
Längt | ca. 850 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Gare |
Postcode | 1930 |
Koordinaten |
49° 36’ 15.1’’ N 06° 07’ 49.8’’ O |
D'Avenue de la Liberté (am normale Sproochgebrauch: Nei Avenue) verbënnt am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg d'Place de Metz mat der Place de la Gare. Se ass en Deel vun der Nationalstrooss 3 an nieft der Aler Avenue déi zweet grouss Geschäftsstrooss am Garer Quartier.
Se gouf 2012 als zweet attraktiivst Avenue vun der Welt klasséiert[2].
Uganks vum 20. Joerhonnert gouf d'Avenue vum Lëtzebuerger Staat - op de fréiere Festungsanlage vum Fort Bourbon - als Verlängerung vun der Neier Bréck ugeluecht. Se huet deemools Avenue Adolphe geheescht, benannt nom Groussherzog Adolphe vu Lëtzebuerg.
Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet d'Strooss missen als Adolf-Hitlerstraße duerhalen[3].
Schonn dee fréiere Stater Tram ass duerch d'Nei Avenue gefuer[Wéini ?].
2018 bis 2020 gouf d'Linn 1 vum neie Stater Tram, op eegenem Bett, duerch d'Nei Avenue geluecht, mat Halten op der Metzer an der Paräisser Plaz. Dofir gouf d'Strooss vu Fassad zu Fassad erneiert; nieft dem Tramsbett gouf och eng Vëlospist ugeluecht, an déi ganz ënnerierdesch Leitungen a Kabele verluecht, respektiv ersat. Dobäi sinn och d'Beem (zum Deel Platanen, déi 1915 geplanzt gi waren)[4] ewechgeholl ginn[5]. Dës goufen awer tëscht Januar an Abrëll 2020 duerch 69 neier ersat. Et handelt sech ëm 20 Joer al Platane mat enger Héicht vu ronn 11 Meter Héicht, déi aus enger hollännescher Bamschoul vu Cuijk koumen[6].
Zanter dem 13. Dezember 2020, wéi den Tram a Betrib geholl gouf, gouf de Busreseau nei organiséiert, sou datt déi Honnerte Bussen, déi op hirem Wee tëscht der Gare an der Uewerstad (Centre Hamilius) derduerch gefuer sinn, duerch de Tram ersat an op anere Strecken agesat goufen.
Ëmbau fir den Tram 2018-2020
Commons: Avenue de la Liberté – Biller, Videoen oder Audiodateien |