Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Batty Weber | |
---|---|
Gebuer |
25. November 1860 Rëmeleng |
Gestuerwen |
15. Dezember 1940 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Athénée de Luxembourg, Universitéit Bonn |
Aktivitéit | Journalist, Schrëftsteller, Feuilletonist, Dichter |
Famill | |
Bestuet mat | Emma Weber-Brugmann, Appoline Sachs |
Kanner | Paula Johanna Weber, Heinz Weber |
De Batty (Jean-Baptiste) Weber, gebuer de 25. November 1860 zu Rëmeleng, a gestuerwen de 15. Dezember 1940 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Schrëftsteller, Journalist, Feuilletonist.
Hie war de Jong vum Schoulmeeschter Michel Weber an der Marie-Catherine Klein vu Fréiseng. De Batty Weber ass zu Rëmeleng an der Grouss-Strooss Nr. 82 op d'Welt komm an zu Stadbriedemes opgewuess.
1888 huet hie sech mat der Appoline "Lina" Sachs bestuet. Si ass 1901 gestuerwen. Zesummen hate si eng Duechter, d'Paula Johanna (1888-1971). 1904 huet hie sech du mat der Emma Brugmann bestuet, mat där zesumme si e Jong haten, den Heinz (1905-1970). 1934 hu si sech zu Stadbriedemes en Haus, d'Haus Heemecht, gebaut.
De Batty Weber ass um Nikloskierfecht um Lampertsbierg begruewen.
Dem Batty Weber säin Haaptwierk besteet aus iwwer 7.050 Texter, déi tëscht dem 25. September 1913 an dem 17. Dezember 1940 an der liberaler Luxemburger Zeitung an der Feuilletonserie Abreißkalender publizéiert goufen.
1909 huet de Batty Weber de Begrëff vun der Mischkultur fir d'Lëtzebuerger Gesellschaft ze beschreiwen, an d'Welt gesat.
Hie war Éierepresident vun der Assoss a President vun der Association luxembourgeoise des journalistes.
Commons: Batty Weber – Biller, Videoen oder Audiodateien |