Ben Polidori | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
13. November 1989 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Informatiker, Politiker, Foussballspiller |
Partei | LSAP |
Fonctioun | Gemengeconseiller, Deputéierten |
![]() |
De Ben Polidori, gebuer den 13. November 1989 zu Esch-Uelzecht[1], ass e lëtzebuergeschen Informatiker a Politiker (LSAP; bis Juli 2024: Piraten).
Hie gouf 2023 bei de Kommunalwalen an de Gemengerot vu Viichte gewielt.[2].Bei de Chamberwalen dat selwecht Joer gouf hie fir d'éischt Kéier am Bezierk Norden an d'Chamber gewielt, wou hie bis Juli 2024 d'Piratepartei vertrueden huet.[3] Den 19. September huet d'LSAP annoncéiert, datt de Ben Polidori de Sozialiste bäitrëtt.[4]
Bekannt ass de Ben Polidori och fir seng Karriär am Foussball.
De Ben Polidori huet zanter 2011 bei POST Lëtzebuerg geschafft a war do zanter 2021 Chef vum Service „Engineering & Support".[5] Wéinst sengem politesche Mandat an der Chamber huet hien 2023 déi Aarbecht opginn, fir Vollzäit-Politiker ze sinn.[6]
Bei de Gemengewalen 2023 gouf hien an de Gemengerot vun der Gemeng Viichten gewielt[7]. Fir d'Chamberwalen 2023 huet hien als Spëtzekandidat am Bezierk Norde fir d'Piratepartei kandidéiert a gouf an d'Chamber gewielt[8]. Besonnesch an de Beräicher vun der Digitalisatiouns-, Educatiouns- a Familljepolitik ass de Ben Polidori aktiv.[9]
Am Juli 2024 ass hie wéinst Divergenzen aus der Piratepartei ausgetrueden an ass zënterhier onofhängegen Deputéierten.[10]
Den 19. September 2024 huet hien du säi Bäitrëtt bei der LSAP ugekënnegt.[4]
Bis zu sengem 19. Liewensjoer huet de Ben Polidori zu Diddeleng gewunnt an huet do fir de lokale Foussballsveräin F91 gespillt mat deem hien zweemol Lëtzebuerger Meeschter gouf.[5] Duerno war hien dräi Joer bei der UN Käerjeng 97, éier en 2014 bei d'US Rëmeleng an 2021 bei den FC Koeppchen gewiesselt huet.[11] Hien huet am lénkse Mëttelfeld fir d'U21 gespillt an ee Gol a sechs Lännerspiller geschoss.[11] Säin héchste Maartwäert als Spiller louch bei 50.000 Euro.[11]
De Ben Polidori gouf zu Esch-Uelzecht gebuer, huet dono zu Diddeleng gewunnt an nennt säit 2018 Viichten säin Doheem.[5] Hien ass bestuet an huet 2 Kander[6]