De Brudder Cadfael ass den Detektiv an enger Serie vu Kriminalgeschichten, déi vun der englescher SchrëftstellerinEdith Pargeter ënner dem Numm Ellis Peters geschriwwe si ginn. D'Geschichte spillen an de Jore vun 1120 bis 1145.
De Cadfael ap Meilyr ap Dafydd ass 1080 bei Trefriw am Gwynedd (Wales) gebuer. No enger Léier bei engem Wollhändler zu Shrewsbury geet hie vun do fort. E gëtt Zaldot an der Arméi vum Robert vun der Normandie. Duerno mécht e beim Kräizzuch vum Gottfried vu Bouillon mat, dee mat senger Arméi am Joer 1099Jerusalem eruewert. Vun 1103 un ass e Matrous op engem Schëff. 1113 geet en zeréck an England, fir gläich drop erëm Zaldot an der Normandie ze ginn. 1120 am Alter vu 40 Joer ass de Cadfael erëm an England. An der Kierch zu Woodstock begéint hien den Abt Heribert aus dem Klouschter vun den hellege Péiter a Pol vu Shrewsbury. Dorop decidéiert hien, säi Liewen als Zaldot opzeginn, an e begleet den Abt Heribert an d'Abtei vu Shrewsbury fir do Brudder ze ginn.