De Campo Imperatore Near-Earth Object Survey (CINEOS) ass e Projet, deen no äerdnoen Objete sicht.
D'Sich gëtt mat engem 60 cm-Schmidt-Teleskop am Astronomeschen Observatoire vum Campo Imperatore enger Baussestatioun vum Observatoire vun den Abruzze gemaach. D'Statioun steet um Héichplateau Campo Imperatore, no beim Corno Grande, der Spëtzt vum Biergmassiv Gran Sasso an Italien.
Bis elo goufe mam Projet 187 Asteroiden entdeckt.