Bei de Chamberwale vum 26. Oktober 1919 handelt et sech ëm déi éischt Chamberwalen zu Lëtzebuerg, mat allgemengem Walrecht, bei deenen 48 Deputéiert fir an d'nationaalt Parlament gewielt goufen: Eng éischt Kéier hunn och, sou wéi vun Konstitutivversammlung vun 1918 bestëmmt, d'Fraen däerfe wielen, an eng éischt Kéier gouf et keng Restriktiounen, datt ee misst eng bestëmmt Zomm Steiere bezuelen, fir däerfe wielen ze goen (Zensus-Walrecht).
D'Allgemengt Walrecht war eng laangjäreg Revendicatioun vun de Sozialisten, an d'Ironie vun der Geschicht wëll et, datt duerch säin Aféieren ausgerechent hire politesche Géigner, d'Rietspartei, staark profitéiert huet: Obwuel d'Zuel vun de Sëtz vun 53 op 48 erofgaange war, konnt d'Rietspartei hiert Resultat vun 18 op 27 Sëtz ëm d'Hallschecht verduebelen an domat d'absolut Majoritéit kréien.[1] Si huet sech dann och an der Folleg als traditionell stäerkst Partei am Land kënnen etabléieren.
Mat der Marguerite Thomas-Clement aus der Sozialistescher Partei ass och fir d'éischt Kéier eng Fra an d'Chamber gewielt ginn.[1]
Alterspresident ass den Alphonse Eichhorn aus der Rietspartei ginn.[1]
Partei | Sëtz | Ännerung | |
---|---|---|---|
Rietspartei | 27 | +9 | |
Sozialistesch Partei (oder Sozialistesch Lëscht) | 9 | +5 | |
Liberal Liga (oder Radikal Lëscht) | 7 | +5 | |
Onofhängeg Nationalpartei (oder Partei Prüm) | 3 | +1 | |
Fräi Vollekspartei (oder Vollekspartei) | 2 | onverännert | |
Kartelllëscht | 1 | / | |
Lëscht Mark | 0 | / | |
Lëscht Joh. Kayser | 0 | / | |
Onofhängeg Aarbechterpartei | 0 | / |
/: nei Partei
Partei / Lëscht | Zentrum | Süden | Norden | Osten | Total |
---|---|---|---|---|---|
Rietspartei | 6 | 7 | 8 | 6 | 27 |
Sozialistesch Partei | 3 | 4 | 1 | / | 8 |
Liberal Liga | 4 | 3 | / | / | 7 |
Onofhängeg Nationalpartei | / | / | 3 | / | 3 |
Fräi Vollekspartei | 0 | 2 | 0 | / | 2 |
Kartelllëscht | / | / | / | 1 | 1 |
Lëscht Mark | / | 0 | / | / | 0 |
Lëscht Joh. Kayser | / | 0 | / | / | 0 |
Onofhängeg Aarbechterpartei | / | 0 | / | / | 0 |
Total | 13 | 16 | 12 | 7 | 48 |
/: keng Kandidaten an deem Bezierk
Gewielt goufen (Situatioun virun der Ernennung vu Ministeren):[1],[2][3]