Chris Philipps | ||
Spillerinformatiounen | ||
---|---|---|
Vollen Numm | Chris Philipps | |
Gebuertsdag | 8. Mäerz 1994 | |
Gebuertsplaz | Wolz, Lëtzebuerg | |
Gréisst | 1,83m | |
Positioun | Ofwier, defensiivt Mëttelfeld | |
Veräiner an der Jugend | ||
2000 - 2006 2006 - 2007 2007 - 2013 |
FC Green Boys 77 Harlange-Tarchamps FC Etzella Ettelbréck FC Metz | |
Veräiner als Aktiven1 | ||
Joer | Veräin | Matcher (Goler) |
2013 - 2015 2015 - 2016 2016 - 2018 2018 - 2019 2019 2020 2021 |
FC Metz Preußen Münster FC Metz Legia Warschau Legia Warschau II Lommel SK FC Wolz 71 |
14 (0) 25 (0) 29 (0) 24 (1) 19 (0) 2 (0) |
Nationalekipp2 | ||
2012- | Lëtzebuergesch Nationalekipp | 55 (0) |
1 Nëmme Liga-Matcher. |
De Chris Philipps, gebuer den 8. Mäerz 1994 zu Wolz, ass e lëtzebuergesche Foussballspiller.[1]
Am Alter vu 6 Joer huet hie beim FC Green Boys 77 Harel-Eeschpelt ugefaange mat Foussball spillen an ass 2007, no enger Saison beim FC Etzella Ettelbréck, an d'Fussballschoul vum FC Metz gewiesselt.
Am Mäerz 2013 huet hien e Profiskontrakt vu 5 Joer beim FC Metz ënnerschriwwen.[2]
Den 21. Oktober 2013 koum hie bei der 0:3-Victoire an der Ligue 2 beim Stade Brest zu sengem éischten Asaz an der 1. Ekipp vum FC Metz, wou hien am defensive Mëttelfeld gespillt huet. An der selwechter Saison geléngt dem Chris Philipps mat Metz den Opstig aus der Ligue 2 an d'Ligue 1.
Virun der Saison 2015/16 gouf hie bei den SC Preußen Münster an déi 3. däitsch Liga ausgeléint. Do koum hie 25-mol zum Asaz.[3] Fir d'Saison 2016/17 goung en zeréck bei säin Ausbildungsveräin op Metz, wou hien 29 Matcher gespillt huet, ier hien am Februar 2018 bei de polnesche Champion Legia Warschau gewiesselt ass.[4] 2018 konnt hie mat sengem Veräin de Meeschtertitel an de Coupegewënn feieren.
Am Januar 2019 gouf hie vum Veräin an d'zweet Ekipp versat. Am Januar 2020, nodeems säi Vertrag bei Legia ausgelaf war, huet hie beim belschen Zweetligist Lommel SK ee Kontrakt bis de Summer 2020 mat Optioun op ee weidert Joer ënnerschriwwen.[5] De Kontrakt gouf nom Enn vun der ofgebrachener Saison 2019/20 net verlängert.
Am November 2020 huet de Chris Philipps ee Kontrakt bis 2023 beim FC Wolz 71 aus der BGL Ligue ënnerschriwwen.[6]
Den 29. Februar 2012 huet hien déi éischt Kéier fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[7] De 15. November 2018 huet hie bei der 0:2-Néierlag géint Wäissrussland säi 50. Lännermatch fir Lëtzebuerg gespillt.[8]