CinEast oder CinÉast ("Ciné East" ausgeschwat), mam laangen Numm Festival du film d'Europe centrale et orientale, ass e Filmfestival, deen all Joer am Oktober zu Lëtzebuerg op verschiddene Plazen organiséiert gëtt.
En ass op Filmer aus Mëttel- an Osteuropa spezialiséiert. Ausser Spillfilmer ginn och Documentairen, Animatiouns- a Kuerzfilmer presentéiert. Nieft de Projektiounen (generell tëscht 50 a 65 verschidde Spillfilmer an 30 Kuerzfilmer) bitt de Festival och Debatten, Concerten, Ausstellungen, kulinaresch Evenementer an Animatioune fir Kanner[1].
Déi bescht Filmer gi vun enger Jury a verschiddene Kategorien erausgesicht. Eng international Jury wielt d'Gewënner vum Grousse Präis ("Grand Prix") a vum Spezialpräis, eng aner Jury aus Filmkritiker verdeelt de Kritikerpräis, an och de Public wielt d'Gewënner vum Publikumspräis a véier Kategorien.
De Festival gëtt vu Fräiwëllegen organiséiert[2].
Déi éischt Editioun vum Festival du film d'Europe centrale[2] gouf am Oktober 2008 an der Abtei Neimënster organiséiert, nom Succès vun der "Woch vum polnesche Film" am Joer 2006. Ufanks goufe just Filmer aus Polen, Tschechien, Ungarn an der Slowakei zougelooss. 2.500 Persounen hunn d'Filmer deemools gekuckt[3].
D'Joer drop goufen 25 Filmer gewisen, nieft der Abtei Neimënster och an der Stater Cinemathéik. Fir d'éischt goufen och Filmer aus Rumänien gewisen.
2010 krut de Festival den aktuellen Numm, CinEast, an et gouf e "Grand Prix" an e Publikumspräis agefouert[4].
Bei der 4. Editioun am Joer 2011 si bal 80 Filmer gelaf. Bulgarien war d'"Gaaschtland" an de Motto war "Um Rand vun der Gesellschaft"..
2012 goufe vir d'éischt och Filmer aus Slowenien, Serbien a Kroatien, an de baltesche Staaten Litauen, Lettland an Estland gewisen. Gelaf si 50 Laangfilmer a 40 Kuerzfilmer.
Déi éischt fënnef Editioun goufe vun der asbl Polska.lu organiséiert.
Zënter 2013 ass d'CinEast asbl fir de Festival verantwortlech.
Bei der 7. Editioun goufen 2014 iwwer 55 Longmetragen a 45 Kuerzfilmer aus 18 Länner virun engem Publikum vun 9.800 gewisen. Och d'Ukrain a Moldawien ware fir d'éischt Kéier derbäi. D'Joer drop gouf de Kritikerpräis agefouert. De Gewënner gëtt vun enger Jury aus Membere vun der Press oder anere Filmkritiker gewielt[5].
2017, bei der 10. Editioun, goufe fir d'éischt och Filmer aus Albanien gewisen. Am Ganze goufen iwwer 100 Filmer aus 19 Länner virgefouert.
Wéinst der Pandemie vum Coronavirus gouf déi 13. Editioun am Oktober 2020 an hybrider Form organiséiert, dat heescht am Kino an online. Gewise goufen 60 Laangfilmer a 40 Kuerzfilmer aus 18 Länner. De Jurypresident war de polnesche Regisseur Tomasz Wasilewski[6]. D'Fokusland war Ungarn, aus deem sechs Spillfilmer an zwee Kuerzfilmer gewise goufen.
2021 louch de Fokus um sloweenesche Film, mat insgesamt sechs Laang- an dräi Kuerzfilmer. De CinEast huet och en neie Filmpräis agefouert, de "Young Talents Award". Fënnef Filmer vun Regisseuren, déi eréischt een oder zwee Filmer gemaach hunn, stoungen an der Kompetitioun ëm dee Präis. De Gewënner gouf vun enger Jury aus véier Studente vun der Sektioun "BTS Cinéma et audiovisuel" vum Stater Lycée des arts et métiers gewielt. De Gewënner gouf agelueden, an der internationaler Jury vum CinEast 2022 ze sëtzen.
2022 war déi 15. Editioun vum Festival vum 6. bis den 23. Oktober. Juryspresidentin war d'Mazedonierin Teona Strugar Mitevska. Tschechien stoung dat Joer am Mëttelpunkt, an et gouf zousätzlech e Fokus op ukrainesch Filmer.
Déi 16. Editioun vun 2023 war vum 5. bis den 20. Oktober. De Fokus louch op der Ukrain.
2024, bei der 17. Editioun, déi vum 3. bis den 20. Oktober war, stoung Kroatien am Mëttelpunkt, an et gouf zousätzlech eng weider Kéier e Fokus op d'Ukrain. Jurispresident war de Alexandr Nanau, deem säi Film Colectiv véier Joer éischter de grousse Präis gewonnen hat.
Joer (Editioun) |
2008 (1.) |
2009 (2.) |
2010 (3.) |
2011 (4.) |
2012 (5.) |
2013 (6.) |
2014 (7.) |
2015 (8.) |
2016 (9.) |
2017 (10.) |
2018 (11.) |
2019 (12.) |
2020 (13.) |
2021 (14.) |
2022 (15.) |
2023 (16.) |
2024 (17.) |
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Visiteuren | 2.400[4] | 3.600[4] | 4.475 | 5.200 | ? | 6.700 | 7.000 | 7.000 | 8.100 | 8.000 | 8.100 | 9.100 | 3.150[7] | 4.800[8] | 6.800[9] | 10.450[10] | ..[11] |
Joer | International Jury | Jury vun der Press | Young Talents Jury |
---|---|---|---|
2010 | - Gian Maria Tore (italieneesche Chercheur) - Josée Hansen (lëtzebuergesch Journalistin) - Claude Bertemes (Direkter vun der Stater Cinemathéik) - António Raúl Reis (portugisesche Filmkritiker) - Geneviève Mersch (lëtzebuergesch Regisseurin) |
2015 agefouert | 2021 agefouert |
2011 | - Agnieszka Holland (polnescher Regisseurin) - Gian Maria Tore (italieenesche Chercheur) - Claude Bertemes (Stater Cinemathéik) - António Raúl Reis (portugisesche Filmkritiker) - Bady Minck (lëtzebuergesch Regisseurin) - Paul Thilges (lëtzebuergesche Filmproduzent) | ||
2012 | - Tomasz Wasilewski (polnesche Regisseur) - Jani Thiltges (lëtzebuergesche Filmproduzent) - Heleen Gerritsen (hollännesch Filmproduzentin) - Zoé Wittock (belsch Regisseurin) - Boyd van Hoeij (hollännesche Filmkritiker) | ||
2013 | - Donato Rotunno (lëtzebuergesche Filmproduzent a Regisseur) - Bernard Michaux (lëtzebuergesche Filmproduzent) - Vesna Andonovic (lëtzebuergesch Journalistin) - Katarzyna Klimkiewicz (polnesch Filmregisseurin) - Maja Juric (bosnesch Schauspillerin) | ||
2014 | - Regisseur Sergei Loznitsa (ukrainesche Regisseur) - Karolina Markiewicz (Journalistin) - Gintare Parulyte (litauesch-lëtzebuergesch Schauspillerin) - Claude Waringo (lëtzebuergesche Filmproduzent) - Christophe Wagner (lëtzebuergesche Regisseur) | ||
2015 | - Andrzej Zulawski (polnesche Regisseur) - Alexandra Hoesdorff (Filmproduzentin) - Ina Ivanceanu (éisträichesch Documentaregisseurin) - Vicky Krieps (lëtzebuergesch Schauspillerin) - Yann Tonnar (lëtzebuergesche Regisseur) |
- Antonio Raul Reis - Thibaut Demeyer - Brigitte Lepage | |
2016 | - Mirjana Karanović (serbesch Schauspillerin a Regisseurin) - Boyd van Hoeij (hollännesche Kritiker) - Nico Simon (President vun Europa Cinemas) - Dolya Gavanski (brittesch Schauspillerin) - Pol Cruchten (lëtzebuergesche Regisseur) |
- Jean-Pierre Thilges - Isabelle Debuchy - Karolina Markiewicz | |
2017 | - Anne Fontaine (franséisch Schauspillerin) - Adrian Titieni (rumänesch Schauspiller) - Bady Minck (lëtzebuergesch Filmregisseurin) - Oliver Baumgarten (däitsche Filmfestivaldirekter) - Philippe Carcassonne (franséische Filmproduzent) |
- Pablo Chimienti (Le Quotidien) - Valerija Berdi (Radio 100,7) - Matthew Boas (Cineuropa) | |
2018 | - Bence Fliegauf (ungaresche Regisseur) - Arta Dobroshi (kosovaresch Schauspillerin) - Govinda Van Maele (lëtzebuergesche Regisseur) - Astrid Roos (franséisch-lëtzebuergesch Schauspillerin) - Sergej Stanojkovski (kroatesche Regisseur) |
- Claude Neu - Charlotte Wensierski - Loïc Millot | |
2019 | - Jacques Doillon (franséische Regisseur) - Renata Santoro (italieenesch Festivalsorganisatrice) - Marius Olteanu (rumänesche Regisseur) - Sophie Mousel (lëtzebuergesch Schauspillerin) - Adolf El Assal (lëtzebuergesche Regisseur) |
- Marc Trappendreher (d'Lëtzebuerger Land) - France Clarinval (RTL) - Cristóbal Soage (Cineuropa) | |
2020 | - Tomasz Wasilewski (polnesche Regisseur) - Heleen Gerritsen (hollännesch Filmproduzenten) - Jani Thiltges (lëtzebuergesche Filmproduzent) - Zoé Wittock (belsch Regisseurin) - Boyd van Hoeij (hollännesche Filmkritiker) |
- Yasemin Elçi - António Raúl Reis - Elena Lazic | |
2021 | - Radu Jude (rumänesche Filmregisseur) - Michaela Pavlátová (tschechesch Regisseurin) - Nicolas Steil (lëtzebuergesche Filmproduzent) - Larisa Faber (lëtzebuergesch Schauspillerin a Regisseurin) - Céline Masset (belsch Filmfestivalorganisatrice) |
- Teresa Vena - Tobias Keßler - Gabrielle Seil |
- Alix Andries - Luca Mahnke - Nikola Ozimkiewicz - Elsa Schweitzer |
2022 | -Teona Strugar Mitevska (Presidentin vum Jury), mazedonesch Filmregisseurin - Luc Schiltz, lëtzebuergesche Schauspiller - Erika Hníková, tschechesch Regisseurin - Marion Guth, lëtzebuergesch Produzentin - Dawid Nickel, polnesche Regisseur |
-Valerio Caruso - Geoff Thompson (chronicle.lu) -Nora Schloesser (Luxemburger Wort). |
-Céline Schlesser - Andy-Lee Hoareau -Léa Petitjean -Kevin Wagner |
2023 | - Patrice Leconte President vum Jury, franséische Regisseur.
|
- ... | - ... |
2024 | - Alexander Nanau P(resident vum Jury), rumänesche Regisseur - Anna Hints, estesch Regisseurin -Szilárd Bernáth, ungaresche Regisseur - Jacques Molitor, lëtzebuergesche Regisseur - Hana Sofia Lopes, lëtzebuergesch Schauspillerin |
- Sevara Pan, Cineuropa - Jeff Schinker, Radio 100,7 - Mike Winter, Freelance/Blogger/Revue |
- |
2010
2011
2012
2013
2014
2015
2016
2017
2018
2019
2020
2021
2022
2023
2024