Claudine Schaul | |
---|---|
D'Claudine Schaul (2012) | |
Gebuer |
20. August 1983 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Tennisspiller |
Gréisst | 169 cm |
Gewiicht | 62 kg |
Kompetitiounsklass | Tennis (Eenzel), Tennis (Dubbel) |
Spillhand | Rietshänner |
Veräin/Ekipp | Luxembourg Billie Jean King Cup team |
D'Claudine Schaul, gebuer den 20. August 1983 zu Lëtzebuerg, ass eng fréier lëtzebuergesch professionell Tennisspillerin an Olympionickin.
D'Claudine Schaul huet mat véier Joer ugefaangen Tennis ze spillen; si spillt am léifsten op haardem Belag.
A hirer berufflecher Karriär huet si um WTA Tour jee een Titel am Eenzel an am Dubbel gewonnen. Si huet och véier ITF Turnéieren am Eenzel an der dräi am Dubbel gewonnen.
Op den Olympesche Spiller 2004 zu Athen huet si am Eenzel an am Dubbel matgemaach. Si huet hiren éischten Tour am Eenzel géint d'Daniela Hantuchová 1:6 an 1:6 verluer. Och am Dubbel war et nom éischte Match eriwwer. Nieft der Anne Kremer huet si géint d'Catalina Castaño an d'Fabiola Zuluaga aus Kolumbie mat 6:77, 6:2 a 7:9 verluer.
Si huet de leschte professionelle Match vun hirer Karriär am August 2013 op engem ITF-Turnéier zu Hechingen a Baden-Württemberg gespillt.
Si spillt awer nach fir d'lëtzebuergesch Tennisnationalekipp (Luxembourg Billie Jean King Cup team), an hat am Februar 2019 jee eng Victoire an eng Néierlag am Dubbel.
Am Billie Jean King Cup (fréier Federation Cup a Fed Cup) huet d'Claudine Schaul 42 Victoiren an 43 Néierlagen opweises.
2003 war si Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer.
Nr. | Datum | Turnéier | Kategorie | Belag | Finallgéignerin | Resultat |
---|---|---|---|---|---|---|
1. | 22. Mee 2004 | Stroossbuerg | WTA Tier III | Sand | Lindsay Davenport | 2:6, 6:0, 6:3 |
Nr. | Datum | Turnéier | Kategorie | Belag | Partnerin | Finallgéignerinnen | Resultat |
---|---|---|---|---|---|---|---|
1. | 17. Januar 2004 | Canberra | WTA Tier V | Haarde Belag | Jelena Kostanić | Caroline Dhenin | 6:4, 7:63 |
Turnier | 2003 | 2004 | 2005 | 2006 | Karriär |
---|---|---|---|---|---|
Australian Open | Q3 | 3 | 1 | Q1 | 3 |
French Open | Q2 | 1 | 1 | Q1 | 1 |
Wimbledon | Q2 | 1 | 1 | Q3 | 1 |
US Open | 3 | 1 | Q3 | Q3 | 3 |
Erklärung vun de Symboler: 1, 2, 3 = Eliminatioun an der 1. / 2. / 3. Haaptronn; Q1, Q2, Q3 = Eliminatioun an der 1. / 2. / 3. Ronn vun der Qualifikatioun
Turnéier | 2004 | 2005 | Karriär |
---|---|---|---|
Australian Open | — | 1 | 1 |
French Open | 1 | 1 | 1 |
Wimbledon | — | — | — |
US Open | 2 | — | 2 |
Virdrun | Sportlerin vum Joer | Duerno |
---|---|---|
Tessy Scholtes | 2003 | Liz May |
Commons: Claudine Schaul – Biller, Videoen oder Audiodateien |