Claus Holm
De Claus Holm (ëm 1955)
Gebuertsnumm
Helmut Gerhard Ozygus Gebuer
4. August 1918 Bochum Gestuerwen
21. September 1996 Berlin Nationalitéit
Däitschland Aktivitéit
Televisiounsschauspiller, Synchronspriecher, Theaterschauspiller, Filmschauspiller
De Claus Holm , gebuer als Helmut Gerhard Ozygus de 4. August 1918 zu Bochum-Werne an Däitschland a gestuerwen den 21. September 1996 zu Berlin , war en däitsche Film- an Theaterschauspiller a Boxer.[1]
Bekannt Filmer vum Claus Holm sinn Nachts, wenn der Teufel kam (1957) vum Robert Siodmak a déi a Frankräich vun der Filmkritik héich gelueft Filmer vum Fritz Lang Der Tiger von Eschnapur (1959) an Das indische Grabmal (1959), an deenen och de lëtzebuergesche Schauspiller René Deltgen matgespillt huet.
Zum Schluss vu senger Carrière war hie nach an zwee Wierker vum Rainer Werner Fassbinder zu gesinn an zwar am Film Die Ehe der Maria Braun souwéi an der TV-Verfilmung vum Alfred Döblin sengem Roman Berlin Alexanderplatz .
1950: Die lustigen Weiber von Windsor , vum Georg Wildhagen mam Sonja Ziemann a Camilla Spira
1951: Das Beil von Wandsbek , vum Falk Harnack mam Erwin Geschonneck
1951: Zugverkehr unreegelmäßig , vum Erich Freund mam Inge Keller
1952: Sein großer Sieg , vum Franz Barrenstein
1954: Rittmeister Wronski , vum Ulrich Erfurth mam Willy Birgel an Elisabeth Flickenschildt
1954: Heideschulmeister Uwe Karsten , vum Hans Deppe mam Barbara Rütting a Carola Höhn
1955: Der 20. Juli , vum Falk Harnack mam Wolfgang Preiss a Robert Freitag
1955: Der Pfarrer von Kirchfeld , vum Hans Deppe mam Ulla Jacobsson an Annie Rosar
1955: Wenn die Alpenrosen blüh'n , vum Richard Häussler an Hans Deppe mam Hertha Feiler a Marianne Hold
1955: Zwei blaue Augen , vum Gustav Ucicky mam Marianne Koch a Charles Regnier
1956: Waldwinter , vum Wolfgang Liebeneiner mam Sabine Bethmann a Rudolf Forster
1956: Der Glockengießer von Tirol , vum Richard Häussler mam Heinrich Gretler an Nicole Heesters
1956: ... wie einst Lili Marleen , vum Paul Verhoeven mam Adrian Hoven a Marianne Hold
1956: Der Adler vom Velsatal , vum Richard Häussler mam Waltraut Haas a Renate Ewert
1956: Frucht ohne Liebe , vum Ulrich Erfurth mam Gertrud Kückelmann a Bernhard Wicki
1957: Flucht in die Tropennacht , vum Paul May mam Bernhard Wicki an Erica Beer
1957: Für zwei Groschen Zärtlichkeit , vum Arthur Maria Rabenalt mam Ingmar Zeisberg a Kai Fischer
1957: Die Lindenwirtin vom Donaustrand , vum Hans Quest mam Marianne Hold an Annie Rosar
1957: Nachts, wenn der Teufel kam , vum Robert Siodmak mam Mario Adorf an Hannes Messemer
1958: Rivalen der Manege , vum Harald Philipp mam Germaine Damar an Elma Karlowa
1958: Das Mädchen vom Moorhof , vum Gustav Ucicky mam Maria Emo an Horst Frank
1959: Der Tiger von Eschnapur , vum Fritz Lang mam Debra Paget a Paul Hubschmid
1959: Das indische Grabmal , vum Fritz Lang mam Debra Paget, Paul Hubschmid, Sabine Bethmann a René Deltgen
1959: Les filles de nuit , vum Maurice Cloche mam Georges Marchal an Nicole Berger
1964: Raumpatrouille - Die phantastischen Abenteuer des Raumschiffes Orion , (TV-Serie), (7 Episoden)
1978: Der Senator , vum Günter Gräwert
1978: Berlin Alexanderplatz , vum Rainer Werner Fassbinder (TV-Serie), (14 Episoden)
↑ Kuerz Biographie op Englesch