D'Cristallerie du Val Saint Lambert ass eng Kristallglasfabrick zu Seraing bei Léck um rietsen Uwänner vun der Meuse. Si krut hiren Numm well se op der Plaz opgericht gouf wou fréier ee Klouschter stoung. 1826 hunn zwee Geschäftsläit déi al Abtei Val St. Lambert kaaft. De François Kemlin, e Chimiste, an den Auguste Leliévre, e Polytechniker, déi virdrun an enger Glasfabrick zu Vonêche an den Ardenne geschafft haten, hunn ugefaangen héichwäertegt Kristallglas hierzestellen, dat geschwënn an der ganzer Welt bekannt war. Hir Fabrick huet Société des verreries du Val Saint Lambert geheescht. Déi Fabrick war am Fong geholl eng Manufaktur. Alles wat zur Glasfabrikatioun gebraucht gouf, ass op der Plaz selwer hiergestallt ginn. Sou huet een do net nëmme Schmelziewe fonnt, mä och aner Konstruktiounsatelieren, eng Schmëdd, Schläifatelieren, Verpakungshalen an ee Geschäft.
Aus sozialem Denken an awer och, fir d'Aarbechtskraaft no bei der Dier ze hunn, goufen Haiser fir d'Aarbechter opgeriicht, 186 am Ganzen, all mat engem Gaart dobäi, an d'Schoule fir all d'Kanner vun den Aarbechter an den Handwierksleit hunn och net gefeelt.
Duerch hiert grousst Wëssen an der Kristallglasfabrikatioun an duerch Engamenter vun international bekannte Kënschtler wéi den M. Szekely, B. Sipek, Ph. Starck, F. Van Praet, K. De Sousa, Y. Zoritchac an nach villen aneren, ass d'Gamme ëmmer weider verbessert a vergréissert ginn. Haut liwwert Val Staint Lambert a méi wéi 40 Länner, ass bekannt fir hir Kristallstrophéeën, beliwwert Kinnekshaiser an ass haaptsächlech bekannt fir geschlaffe Kristallglieser an zwou Faarwen. ("doublé-coloré-taillé").
Hautdesdaags maache se och Bijouen, bei deene Gold a Sëlwer mam Kristall verschafft gëtt.