Crémant de Luxembourg ass eng Appellatioun fir e Schaumwäin vun der Lëtzebuerger Musel dee verschidde Konditounen erfëlle muss.
D'Appellatioun Crémant de Luxembourg gouf duerch e Reglement vum Regierungsrot vum 4. Januar 1991 agefouert.[1]
Fir de Crémant de Luxembourg kann eng Riefzort eleng oder en Assemblage vu Riefzorte vun der Lëtzebuerger Musel benotzt ginn.
Déi éischt Produktioun koum de 15. November 1991 ënner dem Markennumm Poll-Fabaire op de Maart. Bis Enn dës Joers goufen iwwer 100.000 Fläsche verkaaft - en onerwaarte Succès. An de Joren dono goung d'Produktioun weider an d'Luucht; 2021 waren et der 1,8 Millioune vun där Marque. Am Ganze waren et der dat Joer 3 Millioune Fläschen, déi zu Lëtzebuerg produzéiert goufen. Dee gréissten Deel dovu gëtt am Land selwer verkaaft a gedronk, fir d'Deeg ëm Neijooschdag eleng ee Véierel vun der ganzer Produktioun.[2]