David Benedictus | |
---|---|
Gebuer |
16. September 1938 London |
Gestuerwen | 4. Oktober 2023 |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun |
Eton College, University of Iowa, Balliol College |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Romancier, Theaterregisseur, Journalist, Televisiounsproduzent |
Famill | |
Bestuet mat | Yvonne Antrobus |
Kanner | Jolyon Maugham |
![]() |
Den David Benedictus, gebuer de 16. September 1938 zu London,[1] ass en englesche Schrëftsteller.
Den David Benedictus ass den Auteur vun enger Rei vu Romaner a Sachbicher. Dozou gehéiert och eng Aart Autobiographie, déi hien 2005 ënner dem Titel Dropping Names erausginn huet.[2]
Weltwäit bekannt gouf de Benedictus duerch säi Buch Return to the Hundred Acre Wood (2009), eng Fortsetzung vum Winnie-the-Pooh sengen Aventuren, am Stil vum A. A. Milne geschriwwen, déi de 5. Oktober 2009 simultan zu London (Egmont Books) an zu New York (Duttons) publizéiert ginn ass.