Dominique Lang

Dominique Lang
Gebuer 15. Abrëll 1874
Diddeleng
Gestuerwen 22. Juni 1919
Schëffleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Akademie der Bildenden Künste München
Aktivitéit Moler
De Lang mat senger Fra Anne-Marie Ney

Den Dominique Lang, gebuer de 15. Abrëll 1874 zu Diddeleng, gestuerwen den 22. Juni 1919 zu Schëffleng, war e lëtzebuergesche Moler. Hie gouf de 24. Juni 1919 zu Diddeleng begruewen.

Den Dominique Lang huet am Kolléisch beim Michel Engels a beim André Thyes Konscht geléiert. Duerno ass hien op d'Académie des beaux-arts zu Antwerpen gaangen. Hien huet zesumme mam Kënschtler Umberto Cappelari e Fotostudio opgemaach. Ab 1911 war en war Zeecheprofesser am Meedercherslycée zu Esch an 1913 an der Industrieschoul zu Esch-Uelzecht.

Den Dominique Lang war en impressionistesche Moler. Hie gouf 1911 mat der Anne-Marie Ney vun Diddeleng bestuet.

Ausstellungen

[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1994 war eng grouss Retrospektiv vun de Biller vum Dominique Lang zu Diddeleng. Seng Biller waren ze gesinn an:

Am Joer 2023 sinn dem Dominique Lang seng Biller an der Ausstellung Im Glanz des Impressionismus? Dominique Lang (1874–1919) und Zeitgenossen an der Villa Vauban zu Lëtzebuerg.[1]

Wou kann een dem Dominique Lang seng Biller gesinn?

[änneren | Quelltext änneren]

Auszeechnungen

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Dominique Lang – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. https://villavauban.lu/de/exhibition/dans-la-splendeur-du-postimpressionnisme/