Elbling | |
---|---|
![]() | |
Faarf | |
wäiss bis hellrout | |
Geschmaach | |
sprëtzeg a fruuchteg | |
Alkoholgehalt | |
11-12 % | |
Temperatur fir ze drénken | |
7-12 ° | |
Ubaugebidder | |
Haapt: Musel Niewen: Saar, Ruwer, Sauer Vereenzelt: Sachsen | |
Ubaufläch weltwäit | |
~677 ha |
Den Elbling ass eng Riefzort, déi op der Lëtzebuerger an däitscher Musel an a klenge Quantitéiten an anere Wéngerten ugebaut gëtt.[1] Fréier lëtzebuergesch Bezeechnunge ware Rhäin-Fränsch oder grénge Fränsch.
De Wäin ass saierbetount, huet wéineg Fruuchtzocker, a schmaacht sprëtzeg a fruuchteg.
Den Elbling kënnt ursprénglech aus dem Rhäin- an Neckardall, wou en als spontan Kräizung vu Weißer Heunisch an enger Traminer-Rief entstanen ass[2]. Op der däitscher Musel gëtt en och alt Kleinberger genannt.[3]
Wa fréier eng Importatioun aus der Réimerzäit ugeholl gouf, sou geet dat wuel op eng einfach Verwiesselung zeréck, wéinst der sproochlecher Noperschaft vun Alben/Elben mat de laténgesche Wierder Albuelis, Albuelos a Vitis alba.
Elbling gouf viraals wéinst senger Saier net nëmme fir d'Wäiproduktioun, mä och fir d'Desinfektioun vun Drénkwaasser geholl[4].
D'Riefzort war nach bis zum Éischte Weltkrich bal déi eenzeg déi zu Lëtzebuerg ugebaut gouf, net nëmmen op der Musel, mä och soss uechter d'Land, an de Gros gouf an Däitschland exportéiert fir zu Sekt verschafft ze ginn. Wéi de Pättchen Elbling awer an de Caféen ëmmer méi Konkurrenz krut, ass seng Popularitéit rapid gefall, a seng fréier Wéngerte sinn ë. a. fir Rivaner an Auxerrois geaffert ginn.
Op der Lëtzebuerger Musel gouf 2013 den Elbling op enger Fläch vun 93,11 ha ugebaut, wat nach 7,19 % vun der totaler Wäinubaufläch entsprécht[5]. Et gëtt dobäi net méi wéi fréier op reng Quantitéit, mä virun allem op Qualitéit gesat.