Dëse Schachartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Elvira Berend | |
---|---|
Gebuertsnumm | Эльвира Сахатова |
Gebuer |
19. September 1965 Almaty |
Nationalitéit | Lëtzebuerg, Kasachstan, UdSSR |
Aktivitéit | Schachspiller |
Aktuell Elo-Zuel | 2.219 (Juli 2024) |
Famill | |
Bestuet mat | Fred Berend |
Geschwëster | Gulnara Sachs |
D'Elvira Berend-Sakhatova, gebuer den 19. September 1965 zu Almaty, ass eng lëtzebuergesch Schachspillerin. Si krut 1994 den Titel vum Fraegroussmeeschter. 2017 gouf si Weltmeeschtesch an der Senioreklass +50.
Hir maximal erreechten Elo-Zuel louch bei 2355 (Juli 1997/1998).[1] Am Juli 2010 louch dës bei 2307[2]; domat war si dunn déi bescht lëtzebuergesch Schachspillerin a stoung op Plaz 182 vun der Fraeweltranglëscht an op Plaz 4883 vun der Männerweltranglëscht (Juli 2010)[3].
Am November 2017 gouf si zu Acqui Terme, bei der 27. Seniorsweltmeeschterschaft am Schach, Weltmeeschtesch an der Kategorie 50+.[4]
Si ass d'Fra vum Fred Berend, mat deem si 2 Kanner huet, an déi méi jonk Schwëster vun der Gulnara Sachs (déi fir England am Schach untrëtt).