Ernest Toussaint | |
---|---|
Gebuer |
8. Mäerz 1908 Rëmeleng |
Gestuerwen |
3. September 1942 SS-Sonderlager Hinzert |
Doudesursaach | Schosswonn |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Boxer |
Kompetitiounsklass | Schwéiergewiicht |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1936 |
![]() |
Den Ernest Toussaint, gebuer de 6. Mäerz 1908 zu Rëmeleng, a gestuerwen den 3. September 1942 zu Hinzert, war e lëtzebuergesche Boxer, Olympionik[1] a Resistenzler.
Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1936 zu Berlin vertrueden.[1],[2]
Nodeem hie beim Generalstreik vum 31. August 1942 géint d'Aféiere vum obligatoresche Militärdéngscht an der däitscher Wehrmacht vun de jonke Lëtzebuerger protestéiert hat gouf hie vun der Gestapo verhaft. Hie gouf vum "Standgericht" zum Doud verurteelt an den 3. September 1942 am KZ Hinzert erschoss.
Seng Wittfra a seng zwéi Jonge goufe vun den Nazien deportéiert.
Hie gouf posthum mat der Croix de l'Ordre de la Résistance 1940–1944 dekoréiert.[3]