Eschduerf Eschdöerf | |
---|---|
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Eschdorf de: Eschdorf |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Wolz |
Gemeng | Esch-Sauer |
Buergermeeschter | Laurent Hilger |
Awunner | 958 |
1. Januar 2023 | |
Fläch | 1.151,7716 ha |
Héicht | 503 m |
Koordinaten |
49° 53’ 07’’ N 05° 56’ 06’’ O |
Eschduerf (lokal: Eschdöerf[1]) ass eng Uertschaft an der Gemeng Esch-Sauer.
Bis 1827 war Eschduerf eng eegestänneg Gemeng[2]. Du gouf d'Sektioun Eschduerf bei d'Gemeng Heischent geprafft an déi aner Sektioune koumen an déi deemools nei gegrënnt Gemeng Néngsen. Enn 2011 hunn dunn déi fréier Gemengen Heischent an Néngsen mat Esch-Sauer fusionéiert.
Zu Eschduerf steet d'Gemengenhaus vun der Gemeng Esch-Sauer.
Eschduerf läit am Éislek op enger Héicht vu ronn 500 Meter. Déi héchst Plaz ass um Lieu-dit Quatre-Vents mat 519 Meter.
Um Flouer vun Eschduerf entsprangen a puer kleng Baachen, d'Broubich déi hir Quell an der Aalheck huet, an d'Millbech, déi aus zwou Quelle beim Millbecherknapps entsteet. Allebéid si riets Niewebaache vun der Dirbech.
Commons: Eschduerf – Biller, Videoen oder Audiodateien |