Fédération luxembourgeoise de tennis | |
---|---|
Ofkierzung | FLT |
Grënnungsdatum |
14.03.1946 (ASBL 23.01.2004) |
Sëtz |
3, route d'Arlon L - 8009 Stroossen |
President | Claude Lamberty |
Generalsekretär | Chris Richartz |
Tresorier | Markus Stegmann |
Member vu(n) | COSL, |
Websäit | https://www.flt.lu/ |
D'Fédération luxembourgeoise de tennis, ofgekierzt FLT, ass den nationale Verband vun de Tennis-, Paddle-Tennis- a Pickleballveräiner zu Lëtzebuerg.
D'FLT ass 1946 gegrënnt an den 23. Januar 2004 am Handelsregëster als ASBL registréiert ginn[1].
Se huet hire Sëtz zu Stroossen an ass Member vum COSL an der Internationaler Tennisfederatioun (ITF).
Mir schreiwen d'Joer 1946. Ënner dem Impuls vum Gaston Wampach an dem Géza Wertheim gëtt d'Lëtzebuerger Tennisfederatioun gegrënnt. Déi zwéi Spiller wollte sech der internationaler Tennis-Elite als Ekipp stellen a fir déi bekannt Davis Cup matspillen. Et waren d'Stare vu virum Zweete Weltkrich - wéi d'Fransousen Henri Cochet a René Lacoste oder den Englänner Fred Perry - déi dem Davis Cup hire Stempel opgedréckt a se iwwer d'Grenzen ewech populär gemaach hunn. D'Demande vun de lëtzebuergeschen Athleete fir an der Davis Cup matzemaachen ass awer vun der Internationaler Tennisfederatioun ofgeblockt ginn, mat der offizieller Begrënnung, datt nëmmen eng Federatioun als Vertriederin vun engem Land kann un dëser prestigiéiser Kompetitioun deelhuelen.
Déi zwéin Athleeten hu sech also fir d'Schafe vun enger Federatioun staark gemaach. De 14. Februar 1946 hu sech Vertrieder vun den Tennisclibb Esch, Déifferdeng, Diddeleng, Iechternach, Rëmeleng, Dikrech an den Arquebusiers am Hotel Mille Colonnes an der Stad Lëtzebuerg zesummegesat, a si hunn decidéiert, eng Federatioun opzebauen. Ee Mount méi spéit, de 14. Mäerz 1946, ass d'lëtzebuergesch Federatioun ënner der juristescher Form vun enger ASBL mat dem Numm Fédération luxembourgeoise de tennis gegrënnt ginn. De 4. Juli gouf se Member vun der Internationaler Tennisfederatioun. Offiziell gouf se den 13. Juli 1946 am Memorial-C Nummer 41 publizéiert. Den éischte President war den Alex Servais.
Sou war dann de Wee op, fir an der Coupe Davis matzespillen, wat och am Joer 1947 de Fall war. De Gaston Wampach an de Géza Wertheim hu géint d'Belsch an der éischter Ronn vum 2. bis de 4. Mee 1947 zu Bréissel gespillt.
Tennis ass awer scho laang virdrun hei zu Lëtzebuerg praktizéiert ginn, an zwar am Ufank vum 20. Joerhonnert, ëm 1900 zu Dikrech. Et waren englesch Touristen a Studenten, déi den Tennissport op Lëtzebuerg bruecht hunn. Zanter ronn 20 Joer gouf et den All England Croquet and Lawn Tennis Club bei London. Vläicht waren et Membere vun dësem Club, déi den Hotelier Alexis Heck a sengem Hôtel des Ardennes zu Dikrech dozou bruecht hunn, en Tennisterrain ze bauen. Ganz séier hunn och déi Dikrecher Spaass mat dësem elegante Sport kritt, an 1902 ass den Dikrecher Tennisclub gegrënnt ginn. 1904 ass den éischten Tennisclub am Minett, den TC Diddeleng, op d'Bee gesat ginn; zwéi Joer duerno war et dann zu Esch de Football and Lawn Tennis Club d'Fola. Domat sinn déi éischt Schrëtt gemaach gewiescht. 1913 huet de Sporting Club aus der Stad den éischten Tennistournoi am Lëtzebuerger Land organiséiert; dat Joer drop gouf et den éischten Interclubmatch tëscht Lëtzebuerg an Esch. Den Éischte Weltkrich ënnerbrécht dann awer ganz abrupt a brutal dës Tennisaktivitéiten.
De Schwong ass awer net méi opzehale gewiescht: 1917 entsteet de Rëmelenger Veräin, a kuerz no dem Éischte Weltkrich ass 1922 an der Stad Lëtzebuerg de bekannten Tennisclub d'Schéiss am Kräizgrënnchen ze fannen.
Déi éischt international Aktivitéit vun engem lëtzebuergeschen Tennisspiller war 1924 op den olympesche Spiller zu Paräis: de Camille Wolff ass am Eenzel an am Dubbel-Mixte mat der Rozel Le Gallais ageschriwwen, mä de Camille Wolff hat net vill Chance mat der Auslousung, well hien ass direkt géint ee vun de Favoritte geroden: de staarken Italieener De Morpurgo, spéideren Halleffinalist; am Dubbel-Mixte huet hie misse Forfait umellen.
Zu Iechternach ass am Joer 1924 och den éischten Tennisclub entstanen. D'Felder si finanzéiert ginn, andeems all Member 100 Frang bäigesteiert huet. Nieft verschiddene Frëndschaftsmatcher ass den éischten internationalen Tournoi 1929 zu Iechternach gespillt ginn, an dat sollt den Ufank vun enger laanger Serie ginn, déi ëmmer international héich quotéiert Tennisspiller op Iechternach gezunn huet.
D'FLT vertrëtt nieft dem Tennis och de Paddle-Tennis a Pickleball.
De President vun der FLT ass zënter 2013 de Claude Lamberty.
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
Bescht Plaz am ATP-Ranking | ||||
---|---|---|---|---|
Eenzel | Dubbel | |||
Plaz | Datum | Plaz | Datum | |
MULLER Gilles (*) | 59 | 01.08.2005 | 147 | 10.10.2005 |
SCHEIDWEILER Mike | 281 | 26.05.2003 | 272 | 30.09.2002 |
GOUDENBOUR Johny | 321 | 25.03.1985 | 252 | 25.03.1985 |
RADOUX Jacques | 458 | 13.05.1991 | 623 | 08.10.1990 |
KREMER Gilles (*) | 861 | 24.11.2003 | 457 | 28.02.2005 |
BRAM Laurent (*) | 996 | 06.03.2006 | 1431 | 06.03.2006 |
SCHAUL Pascal | 1206 | 03.05.1999 | 866 | 08.03.1999 |
THOMA Sacha | 1291 | 18.11.1996 | 1072 | 27.02.1998 |
Bescht Plaz am WTA-Ranking | ||||
---|---|---|---|---|
Eenzel | Dubbel | |||
Plaz | Datum | Plaz | Datum | |
KREMER Anne (*) | 18 | 29.07.2002 | 140 | 06.05.2002 |
SCHAUL Claudine (*) | 41 | 24.05.2004 | 71 | 08.11.2004 |
* nach aktiv Spiller