Fernand Guth | |
---|---|
Gebuer |
3. Mee 1926 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
23. August 1977 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller |
Veräin/Ekipp | Union Lëtzebuerg |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1952 |
De Fernand Guth, gebuer den 3. Mee 1926 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen den 23. August 1977, war e lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.[1],[2]
Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1952 zu Helsinki vertrueden.[3],[4]
Tëscht dem 24. Mee 1947 am 6. Mee 1953 huet hie 35-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[5]