Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Françoise Kemp | |
---|---|
Gebuer | 24. Abrëll 1991 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Deputéierten |
Member vun | CSV |
Famill | |
Geschwëster | Martine Kemp |
D'Françoise Kemp, gebuer de 24. Abrëll 1991[1] an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Politikerin (CSV).[2]
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Si huet Mathematik zu Tréier studéiert an huet en Doktorat an der Biomedizin zu Lëtzebuerg gemeet.[Wou ?]
D'Françoise Kemp huet, bis zu hirem Mandat als Deputéiert, als Experte en recherche et analyse de données am Familljeministère geschafft.
Als Kandidatin bei de Gemengerotswalen 2017 gouf si am Juni 2022 Member vum Diddelenger Gemengerot amplaz vun der Sylvie Andrich-Duval. Si gouf bei de Gemengewalen 2023 direkt erëmgewielt.
Si war Kandidatin bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 op der CSV-Lëscht am Walbezierk Süden. Si gouf net direkt gewielt, ass awer den 21. November 2023 fir de Georges Mischo nogeréckelt, deen e Ministeschmandat ugeholl hat.[3]
Zanter Mäerz 2024 ass si, zesumme mam Alex Donnersbach, Generalsekretärin vun der CSV.[4]
Si ass d'Sëschter vun der Martine Kemp.[5]
Virgänger: Stéphanie Weydert Christophe Hansen |
Generalsekretär vun der CSV 2024 - |
Nofollger: - |