Francesco Tristano Schlimé

Francesco Tristano Schlimé
Gebuer 16. September 1981
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Juilliard School
Aktivitéit Pianist, Komponist, Klarinettist, Dirigent

De Francesco Tristano, gebuer als Francesco Tristano Schlimé, de 16. September 1981 an der Stad Lëtzebuerg,[1] ass e lëtzebuergesche Pianist.

De Schlimé, deen ënner dem Numm Francesco Tristano optrëtt, huet mat fënnef Joer ugefaange Piano ze spillen an huet mat 13 Joer säin éischte Concert mat eegene Kompositioune ginn.

Hien ass Absolvent vun der Juilliard School zu New York, wou e vum Bruce Brubaker an dem Jacob Lateiner ënnerriicht gouf an d'Masterclass beim Rosalyn Tureck absolvéiert huet. Doriwwer eraus huet en an de Conservatoire vu Bréissel, Riga, Paräis a Lëtzebuerg an op der Musekshéichschoul vu Katalounie studéiert.

Den Tristano huet am Joer 2000 mam russeschen Nationalorchester debutéiert, mat dem hien dem Sergei Prokofjew säi Pianosconcerto Nr. 5 an dem Maurice Ravel seng Pianosconcertoen agespillt huet. Méi spéit ass e mat dem franséischen Nationalorchester Lille, dem Orchestre philharmonique du Luxembourg an aneren op Tournée gaangen.

2001 huet en de Kammermuseksensemble „The New Bach Players“ gegrënnt, fir dat en eng Originaltranskriptioun fir Piano an Orchester vum Antonio Vivaldi sengem Wierk Le quattro stagioni realiséiert an dirigéiert huet. 2004 huet en den internationale Pianistepräis fir zäitgenëssesch Musek am franséischen Orléans gewonnen. 2006 huet en d'Band „Aufgang“ gegrënnt, där hiren éischten Album 2009 verëffentlecht gouf. Den 11. Februar 2014 huet hien an e puer Wieder d'Opléisung vun deem Grupp matgedeelt.[2]

Den Tristano war „Artist in Residence“ vun den Hamburger Symphoniker an der Saison 2010/2011. Hien huet eng ganz Rei Albume verëffentlecht, dorënner Opname vum Bach senge Goldberg-Variatiounen, fir déi en divers Auszeechnunge kritt huet, souwéi d'pianistescht Gesamtwierk vum Luciano Berio. Op sengem Album „Not for Piano“, deen 2007 erauskomm ass, huet e mat Hëllef vu stilistesche Mëttele vun der Klassik an der Minimal Music eege Versioune vun Techno-Klassikere fir Piano solo presentéiert. Fir säin Album „Idiosynkrasia“ huet den Tristano ënner anerem mam Carl Craig zesummegeschafft.

Den Tristano trëtt souwuel op de Büne vun international renomméierte Concertshaiser wéi och a Clubben oder Technotempelen op. Hie versteet sech als Grenzgänger tëscht Klassik an Techno.

Auszeechnungen

[änneren | Quelltext änneren]

2024 gouf hie mam Lëtzebuerger Musekspräis, dee vum Kulturministère organiséiert gëtt, an der Kategorie „Klassesch Musek“ ausgezeechent.[3]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 385
  2. Aufgang Ausgang Francesco Tristano sadly announces that his band for 9 years, Aufgang, has disbanded. Rami Khalife and Aymeric Westrich have decided to go their own path, FT wishes his brothers the best of luck. Let the beat go on!
  3. (fr)Succès total pour la deuxième édition des Lëtzebuerger Musekspräisser. mcult.gouvernement.lu (20.12.2024). Gekuckt de(n) 21.12.2024.