Franz Seitz Jr. | |
---|---|
Gebuer |
22. Oktober 1921 München |
Gestuerwen |
19. Januar 2006 Schliersee |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Schauspiller, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Filmschauspiller |
Member vun | Deutsche Filmakademie |
Famill | |
Papp | Franz Seitz Sr. |
Geschwëster | Hans Terofal |
De Franz Seitz, gebuer den 22. Oktober 1921 zu München, a gestuerwen den 19. Januar 2006 zu Schliersee, war en däitsche Filmproduzent, Filmregisseur, Dréibuchauteur a Schauspiller.
De Franz Seitz huet iwwer 70 Filmer produzéiert dorënner bëlleg Kaméidisfilmer wéi Was macht Papa denn in Italien? (1961) vum Hans-Dieter Schwarze an Die Lümmel von der ersten Bank: Zur Hölle mit den Paukern (1968) vum Werner Jacobs awer och bedeitend Meeschterwierker wéi Chronik der Anna Magdalena Bach (1967) vun der Danièle Huillet an dem Jean-Marie Straub an Die Blechtrommel (1979) vum Volker Schlöndorff
Hien huet och ënner dem Pseudonym Georg Laforet eng 40 Dréibicher fir Filmer geschriwwen.
Hien ass de Jong vum Filmregisseur Franz Seitz.