Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Gemeng Helperknapp. Fir d'Knupp mat deem Numm, kuckt wgl. Helperknapp. |
Gemeng Helperknapp | |
---|---|
D'Märei an der Huelmesser Strooss zu Tënten | |
D'Märei an der Huelmesser Strooss zu Tënten | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Helperknapp de: Helperknapp |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Miersch |
Chef-lieu | Tënten |
Buergermeeschter | Paul Mangen |
Awunner | 5.115 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 3.761 ha |
Koordinaten |
49° 43’ 02’’ N 06° 0’ 38’’ O |
LAU-Code | LU0403 |
Websäit | https://helperknapp.lu/ |
D'Gemeng Helperknapp läit am Kanton Miersch an ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Tënten. D'Märei ass an der Huelmesser Strooss.
D'Gemeng ass den 1. Januar 2018 aus der Fusioun vun de Gemenge Béiwen-Atert an Tënten entstanen. Den Numm kënnt vun der markanter Knupp Helperknapp hier, déi graff gekuckt um hallwe Wee tëscht den Uertschaften Tënten a Béiwen läit.
Den 1. Januar 2018 huet d'Gemeng Tënten mat der Gemeng Béiwen-Atert zur Gemeng Helperknapp fusionéiert. Dës Fusioun ass de 25. Mee 2014 an engem Referendum mat 69,5 % zu Béiwen a mat 64,5 zu Tënten guttgeheescht ginn.[2] De 24. Februar 2016 huet d'Chamber eestëmmeg dem Gesetz fir déi Fusioun, zum 1. Januar 2018, zougestëmmt.[3] An enger éischter Phas war geplangt, datt och d'Gemeng Sëll sollt mat fusionéieren, déi schlussendlech awer een anere Wee gaangen ass.[4]
Bei de Gemengewale vum 11. Juni 2023 gouf de Gemengerot vun der Gemeng Helperknapp eng éischt Kéier nom Proporzsystem gewielt.
Joer | EB* | CSV | DP | AzH* | gréng |
---|---|---|---|---|---|
2023 | 4 | 2 | 2 | 2 | 1 |
* EB = Engagéiert Bierger; AzH = All zesummen Helperknapp
D'Fusiounsgemeng Helperknapp huet kee Wopen; se benotzt e Logo, deen engem Wope gläicht, awer keen ass.
Logo vun der Gemeng Helperknapp |
De Logo symboliséiert den Helperknapp, e gréngen Hiwwel, als Referenz un déi vill Bëscher an der Regioun. Zwou vertikal Sträifen, déi sech iwwert den Helperknapp verlängeren, bilden de grousse Buschtaf „H“ (fir Helperknapp).
De gréngen Toun symboliséiert d'Natur a steet fir d'ländlech Identitéit vun der Gemeng. Déi brong Faarf am Text erënnert souwuel un d'Äerd wéi och un de lokale Steen, deen an der traditioneller Architektur an an der lokaler Ierfschaft ze fannen ass. |
D'Gemeng ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater: