Gemeng Parc Housen | |
---|---|
d'Märei vun der Gemeng Parc Housen | |
An anere Sproochen |
fr: Parc Hosingen de: Parc Hosingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Klierf |
Chef-lieu | Housen |
Buergermeeschter | Romain Wester |
Awunner | 4.141 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 7.065 ha |
Koordinaten |
50° 00’ 52.95’’ N 06° 05’ 28.63’’ O |
LAU-Code | LU0503 |
Websäit | https://hosingen.lu/ |
D'Gemeng Parc Housen ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Klierf. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Housen.
D'Gemeng ass den 1. Januar 2012 aus der Fusioun vun de Gemengen Houschent, Housen a Konstem entstanen. Si ass vun der Fläch hier déi véiertgréisst Gemeng am Land.
D'Fusioun gouf am Juli 2010 an engem Referendum vun enger Majoritéit vu 77 % vun de Wieler guttgeheescht[1], an duerch d'Fusiounsgesetz vum 24. Mee 2011 konsolidéiert[2].
Uertschaften an der fréierer Gemeng Houschent:
Uertschaften an der fréierer Gemeng Housen:
Uertschaften an der fréierer Gemeng Konstem:
Häff a Lieu-diten an der fréierer Gemeng Houschent:
Häff a Lieu-diten an der fréierer Gemeng Housen:
Häff a Lieu-diten an der fréierer Gemeng Konstem:
Duerch d'Fusiounsgesetz vum 24. Mee 2011 gouf déi politesch Struktur vun der Gemeng follgendermoosse festgeluecht:
De Schäfferot besteet aus dem Buergermeeschter an dräi Schäffen. No de Gemengewale vun 2023 gëtt et nach just zwéi Schäffen. De Gemengerot besteet an der Walperiod vum 1. Januar 2012 bis den 31. Dezember aus 15 Conseilleren, respektiv 13 an där duerno. Bei de Wale vun 2023 gëtt d'Zuel vun de Conseilleren de Reglementer vum Walgesetz ugepasst. Den éischte Gemengerot gouf an de Wale vum 9. Oktober 2011 nom Majorzsystem an de Sektioune Konstem, Houschent an Housen gewielt.
D'Gemengenhaus vu Parc Housen gouf 2019 a Betrib geholl. Et ass e Multifunktionsgebai, dat aus zwéin Trakte besteet, ee fir d'Administratioun an ee fir déi technesch Servicer. Et läit Op der Héi, nieft dem Kultur- a Rettungszentrum. D'Bauaarbechten hunn annerhalleft Joer gedauert an eng 9,8 Milliounen Euro kascht. Virdrun ass de Gemengerot vun der fusionéierter Gemeng am Festsaal A Meesch zu Wuelessen zesummekomm.[4]
Iwwerdeems gouf d'Gemengenhaus vun der fréierer Gemeng Housen, zesumme mam Par- a mam Schwësterhaus niewendrun, fir 15 Milliounen Euro renovéiert, a gëtt verschiddene Sozialservicer zur Dispositioun gestallt, dorënner de Resonord.
D'Gemengenhaus vun der fréierer Gemeng Konstem gëtt, nodeems et e puer Joer eng Filial vun der Gemeng Parc House war, ewell als Veräinsbau an Agence vun engem mobille Fleegeservice benotzt.
Dat vun der fréierer Gemeng Houschent war och kuerz eng Filial vu Parc Housen, an ass zanterhier un den interkommunalen Informatiounssyndikat SIGI verlount.
Déi dräi fréier Gemengenhaiser
D'Gemeng Parc Housen ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Commons: Gemeng Parc Housen – Biller, Videoen oder Audiodateien |