HD 209458

Stär HD 209458
V376 Pegasi / BD +18° 4917
D'Stärebild Pegasus mat der Positioun vum Stär
Stärebild: Pegasus
Daten
Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 22h 03m 10,772s
Deklinatioun + 18° 53' 03,55"[1]
visuell Magnitude 7,65 mag[1]
Spektralklass: G0 V
verännerleche Stärtyp V376 Pegasi
Astrometrie
Radialvitess: (−14,8 ± 0,2) km/s[2]
Parallax (20,15 ± 0,80) mas
Distanz (162 ± 6) Lj
Absolut Hellegkeet +4,2 mag
Physikalesch Eegenschaften
Mass: (1,1 ± 0,1) M☉
Radius: (1,12 ± 0,02) R☉[3]
Liichtkraaft: ? L☉
Uewerflächentemperatur ? K
Aner Bezeechnungen
Bonner Duerchmusterung BD +18° 4917
Henry-Draper-Katalog HD 209458
Hipparcos-Katalog HIP 108859
SAO-Katalog SAO 107623
Tycho-Katalog TYC 1688/1821/1
Weider Katalogen V376 Pegasi

Den HD 209458, bekannt och ënner senger Verännerleche Stär-Bezeechnung V376 Pegasi, ass e Stär mat der visueller Magnitude vun 8 mag am Stärebild Pegasus. De Stär ass wéi eis Sonn, en huet d'Spektralklass G0 V an ass vun eiser Sonn ronn 160 Liichtjoer ewech. 1999 hunn zwéin Teams onofhängeg vuneneen d'Existenz vun engem Begleeder mat der Bezeechnung HD 209458 b entdeckt.

D'Mass vum Stär ass ongeféier 110 % vun der Sonnemass, de Radius ass ongeféier 1,1-fach méi grouss wéi eis Sonn. D'Uewerflächentemperatur vu 6000 Kelvin produzéiert eng 1,6-fach méi hell Liichtkraaft wéi déi vun der Sonn. Den Alter vum Stär gëtt op 4 bis 7 Milliarde Joer geschat, d'Rotatioun ëm déi eegen Achs dauert 14,4 Deeg.

Date vum Begleeder

[änneren | Quelltext änneren]

Haaptartikel: HD 209458 b

De Planéit mat der Bezeechnung HD 209458 b steet am Bléckpunkt vun der Fuerschung, well bei éischten Ënnersich staark Unzeeche fir Waasserdamp fonnt goufen. D'Mass vum Planéit ass 69 % vun der Jupitermass. Mat engem Bunnradius vun 0,045 AE ëmleeft hie säin Zentralstär 8-mol méi no wéi de Merkur eis Sonn. En Ëmlaf dauert nëmmen dräianenhalwen Dag.

Portal Astronomie

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 Hipparcos-Katalog (ESA 1997)
  2. Pulkovo radial velocities for 35493 HIP stars
  3. Gonzalez, Guillermo et al. "Parent Stars of Extrasolar Planets." in "The Astronomical Journal", Volume 121, Issue 1, S. 432-452