Hans-Erich Volkmann | |
---|---|
Gebuer |
15. Mäerz 1938 Montabaur |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Militärhistoriker, Neizäithistoriker, Universitéitsprofesser, Historiker |
Partei | Sozialdemokratische Partei Deutschlands, CDU |
Den Hans-Erich Volkmann, gebuer de 15. Mäerz 1938 zu Montabaur, ass en däitschen Universitéitsprofesser an Historiker.[1]
Hien huet vun 1957 bis 1963 Germanistik, Geschicht, Osteuropäesch Geschicht, Philosophie a Pédagogie studéiert. 1963 huet hien op der Universitéit vu Mainz an dem Fach Osteuropäesch Geschicht promovéiert, an 1971 huet hien do an dem Fachberäich "Neuere und Neueste Geschichte" habilitéiert an ass zur gläicher Zäit Professer genannt ginn. Vun do u bis 1981 huet hien zu Mainz enseignéiert. Zanter 1981 ass hie Professer op der Universitéit vu Freiburg im Breisgau.
Vun 1971 bis 1994 huet den Hans-Erich Volkmann als Wëssenschaftler am MGFA (Militärgeschichtliches Forschungsamt) zu Freiburg geschafft. Nodeem d'MGFA am Laf vun 1994 op Potsdam geplënnert war, gouf den Hans-Erich Volkmann do als Direkter a Professer de Chef vun der "Abteilung Forschung" (1994 bis 2003).
D'Schwéierpunkte vu senger Fuerschung a sengem Enseignement sinn d'politesch an d'ekonomesch Geschicht vum Zäitalter vun de Weltkricher a vun der Bundesrepublik Däitschland.
Den Hans-Erich Volkmann huet eng ganz Rei vu wëssenschaftleche Publikatiounen opzeweisen. Aus lëtzebuergescher Siicht ass besonnesch interessant säi Buch Luxemburg im Zeichen des Hakenkreuzes, dat de 25. November 2010 an der Stad an der Villa Pauly offiziell virgestallt ginn ass.[2]