Den Heinrich-Hertz-Teleskop (HHT), haut Submillimeter Telescope (SMT) ass e Radioteleskop fir d'Observatioun am Submillimeter-Wellelängteberäich, mat Standplaz um Mount Graham, USA.
Den Teleskop gouf zesumme vum Max-Planck-Institut fir Radioastronomie an vum Arizona Radio Observatory (ARO) vun der University of Arizona opgeriicht an 1993 a Betrib geholl. En huet en Empfänger fir de Millimeter- a Submillimeterberäich bis erof op 0,45 mm Wellelängt. Op der Standplaz ass, wéinst der Héicht vun 3186 m, den atmosphäresche Waasserdamp staark reduzéiert, d'Observatiounsqualitéit ass awer net mat Observatoire déi méi héich, wéi z. B. dem Mauna-Kea-Observatoire oder der Plaz vum Atacama Pathfinder Experiment ze vergläichen. An der Tëschenzäit gëtt den Teleskop eleng vum ARO bedriwwen.
Commons: Heinrich-Hertz-Teleskop – Biller, Videoen oder Audiodateien |