Henri Ackermann | |
---|---|
Gebuer |
25. Juli 1922 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
23. Januar 2014 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Vëlossportler |
Huet matgemaach bei | Tour de France |
Partei | LSAP |
Den Henri ("Hary") Ackermann, gebuer de 25. Juli 1922 zu Lëtzebuerg am Gronn, a gestuerwen den 23. Januar 2014[1], war e fréiere lëtzebuergesche Vëlossportler, Zwangsrekrutéierten,[2] Gewerkschaftler an LSAP-Politiker.
Den Henri Ackermann war Beamten um CFL, vun 1968 bis 1992 Gemengerot an der Stad, an 1979 an duerno vun 1984 bis 1994 Deputéierten an der Chamber.
Den Henri Ackermann ass 1947 an 1948 den Tour de France gefuer. Hien ass en awer ni zu Enn gefuer.