An der kathoulescher Kierch ginn homosexuell Akten als konträr zum Naturrecht an als Sënn ugesinn, well mënschlech Sexualpraktiken dozou dénge sollten, sech ze reproduzéieren an all Geschlechtsloscht, déi net deem Zweck déngt, géint d'gëttlech Uerdnung verstousse géif. Homosexuellt Verlaangen u sech kéint toleréiert gi sou laang et net ausgelieft géif.
An der Bibel ginn homosexuell Praktiken als "schlëmm Sënn" beschriwwen[1]. D'Kierch erkläert dozou, datt homosexuell Handlungen net an der Rei wieren an datt se géint d'Naturgesetz verstousse géifen, well d'Weidergi vu Liewe beim Geschlechtsakt net méiglech wier, an dofir a kengem Fall ze toleréiere wier.
Am Katchëssem vun der kathoulescher Kierch heescht et, et géif eng net onbedeitend Unzuel un homosexuelle Männer a Frae ginn, déi hir Neigungen awer net selwer erausgesicht hätten an déi fir déi meescht eng Prouf duerstelle géifen. Dofir sollt een hinne mat Respekt, Matgefill an Takt begéinen. Och homosexuell Persoune wieren dozou opgeruff, Gottes Wëllen an hirem Liewen ze realiséieren an dofir sollte si net ongerecht diskriminéiert ginn.[2]
Gläichzäiteg rifft d'Kierch déi Homosexuell dozou op, an Abstinenz ze liewen, also op all sexuell Praktiken ze verzichten.
D'Kathoulesch Kierch schwätzt sech reegelméisseg géint d'Méiglechkeet aus, datt homosexuell Koppele sech kënne bestueden. Sou huet de Poopst Benoît XVI. dat ënner anerem als "Attack op déi traditionell Famill" beschriwwen.[3] Och de lëtzebuergesche Bëschof Jean-Claude Hollerich an den Erny Gillen, Generalvikar vum Äerzbistum Lëtzebuerg, hu sech géint d'gläichgeschlechtlech Bestietnes ausgeschwat.[4],[5]
Trotzdeem gëtt et och eng Rei Kierchevertrieder, déi net mat der offizieller Positioun vun der Kierch averstane sinn. Sou hunn ënner anerem den US-amerikanesche Bëschof Thomas Gumbleton an den däitsche Bëschof Heinz Josef Algermissen fir d'Ordinatioun vun homosexuelle Männer argumentéiert. Am Februar 2011 hunn 311 haaptsächlech däitschsproocheg Theologen de Memorandum Kirche 2011: Ein notwendiger Aufbruch ënnerschriwwen, an deem si eng Reform vun der Kierch an ënner anerem méi kierchleche Respekt fir homosexuell Koppele fuerderen.[6]
De Poopst Franziskus huet am Mäerz 2014 zum Theema homosexuell Koppelen erkläert, datt Partnerschafte jeeweils ënnerschiddlech betruecht an an hirer Diversitéit gesi misste ginn. Dobäi huet en awer och déi kierchlech Léier bestätegt, datt e Bestietnes just tëscht Mann a Fra méiglech ass.[7],[8]
An de prakteschen Direktiven zum Ausschloss vu Persounen an der Instruktioun Religiosorum Institutio (1961) vun der Reliounskongregatioun steet, datt d'Ordinatioun an d'Zouloossen zu reliéise Gelübder deene verweigert soll ginn, déi mat "iwwelen Tendenzen" zur Homosexualitéit oder zur Pederastie belaascht wieren, well fir si d'Zesummeliewen an d'Priisteramt eng seriö Gefor géifen duerstellen.[9]
An der Instruktioun iwwer Krittären zur Berufungsklärung vu Persoune mat homosexuellen Tendenzen am Hibléck op hir Zouloossung fir d'Priisterseminairen an zu den hellege Weien gëtt erkläert, datt all déi, déi Homosexualitéit praktizéieren, déi déifsëtzend homosexuell Tendenzen opweisen oder déi d'homosexuell "Kultur" ënnerstëtzen, net zu der Ordinatioun zougelooss kënne ginn.[10]
Studien iwwer den Undeel vun homosexuelle Paschtéier an der Kierch si kontrovers an ëmstridden. D'Schätzunge gi wäit auserneen; geschat ginn tëscht 20 a 60%.[11],[12] Dem John Jay Report no, dee vun der US-amerikanescher Bëschofskonferenz an Optrag gi gouf, ass eng bemierkenswert Unzuel un homosexuelle Männer an de spéiden 1970er an an den 1980er a Priisterseminairen agetrueden.[13]
Geschichtlech gëtt et schonn zanter dem Mëttelalter vill Beweiser fir homosexuell Kierchevertrieder. A rezenter Vergaangenheet hunn ënner anerem den argentinesche Bëschof Juan Carlos Maccarone (2005) an den uruguayanesche Bëschof Francisco Domingo Barbosa Da Silveira (2009) wéinst homosexuellen Akte mussen zerécktrieden.
De Poopst Franziskus huet am Juli 2014 op Froe vu Journaliste geäntwert, datt en iwwer schwul Priister wéinst hirer sexueller Orientéierung net urteele wäert[14],[15].
Am Mëttelalter war duerch de groussen Afloss vun der Kierch Homosexualitéit absolut intolerabel. Homosexueller goufen ënner anerem gefoltert a verbrannt.[16] Obwuel sech d'Situatioun am Laf vum 20. Joerhonnert an de westleche Länner fir déi Homosexuell staark verbessert huet, gouf et bis an d'1950er Joren Eenzelfäll an Holland, bei deenen Homosexueller souguer kastréiert goufen.[17]
D'Kierch mécht en Ënnerscheed tëscht hirer Meenung no gerechtfäerdegten an ongerechtfäerdegten Zerécksetzungen. Déi zweet gesäit si abstrakt als Diskriminéierung un a refuséiert se. Obwuel dat zwar relativ seele virkënnt, kann een zum Beispill eng Stellungnam géint en ugandesche Gesetzesentworf nennen, deen d'Doudesstrof a "besonnesch schwéiere Fäll" virgesäit an d'Bestrofung vun deene, déi sech net un der Denonciéierung bedeelegen.[18]
Generell gi sou Zerécksetzungen awer als gerechtfäerdegt ugesinn, sou solle Mënsche mat homosexuellen Tendenze bei bestëmmten Aufgaben net agesat ginn: déi éisträichesch Bëschofskonferenz gëtt d'Beispiller vun der Erzéiung an der Ausbildung[19]; e Schreiwe vun der Glawenskongregatioun vun 1992 nennt zousätzlech nach d'Militär[20]. De lettesche Kardinol Jānis Pujats huet am Dezember 2007 am Numm vun alle kathoulesche Gleewegen am Land gefuerdert, alle Lénksen a Lesben den Zougank zur Fonction publique ze verweigeren.[21]
Mënschen, déi déi essentiell Grondsätz vu kathouleschem Glawen a Moral baussent den Aarbechtszäiten net anhalen, kënnen net agestallt, respektiv sollen entlooss ginn[22]. Sou kann zum Beispill e Profil bei GayRomeo oder eng Visit an engem Schwulelokal eng Kënnegung als Konsequenz hunn. D'Kënnegung ass offiziell, well de Liewenswandel vun där Persoun als inadmissibel gëllt; professionell Qualifikatioun oder Aarbechtsqualitéit spillen dobäi keng Roll. D'Kiercherecht gëllt heibei nëmme fir Kleriker a Persounen, déi engem Uerden ugehéieren, fir all aner Beschäftegt vun der Kierch oder kierchleche Betriber gëllt en ofgeännert Aarbechtsrecht. Nieft der Kierch selwer an de vum Staat bezuelte Reliounsenseignantë falen dorënner och alleguer d'privatrechtlech Organisatioune vun der Kierch. Dat geet vun der Caritas an NGOen iwwer Crèchën, Spideeler, Fleegeheemer, Behënnertebetreiung, Schoulen, Internater oder Mediëbetriber.[23]
Et gëtt nach Eenzelfäll wou Homosexuellen oder Mënschen déi mat Homosexuelle verkéiren, e kierchlecht Begriefnes verweigert gëtt.[24] Dem Codex Iuris Canonici (Can. 1184 an 1185) vun 1983 no kann e kierchlecht Begriefnes ëffentleche Sëndeger verweigert ginn, déi net virum Doud iergendeen Zeeche vu Bereie gewisen hunn, wann dat Begriefnes net ouni ëffentlechen Affront bei de Gleewege kann ofgehale ginn.
Am Joer 2000 huet de Vatikan méintlaang probéiert, politeschen Drock ze maache fir d'World Pride 2000 zu Roum ze verhënneren.[25] Am Virfeld vun der World Pride 2005/2006 zu Jerusalem huet de Botschafter vum Vatikan mat Vertrieder vun anere Reliounscommunautéiten un enger Pressekonferenz deelgeholl, an där gefoudert gouf, d'Demonstratioun ofzesoe well se en Affront fir d'Gefiller vun der Gleewege wier.[26]
A Kalifornien huet d'zivilt gläichgeschlechtlech Bestietnes existéiert, wouropshi Géigner dovun 2008 e Referendum mam Numm California Proposition 8 initiéiert hunn. Den Äerzbëschof vu San Francisco huet dozou opgeruff, dës Campagne finanziell z'ënnerstëtzen. D'amerikanesch Bëschofskonferenz huet 200.000 Dollar, an d'kathoulesch Organisatioun Knights of Columbus huet 1,4 Milliounen Dollar gespent.[27]
Am selwechte Joer huet de Vatikan mat 150 anere Länner seng Oppositioun zu enger Resolutiounspropos vun de Vereente Natiounen erkläert, déi Regierunge weltwäit dozou opruffe sollt, Homosexualitéit z'entkriminaliséieren, well obwuel de Vatikan och keng Kriminalisatioun vun Homosexuelle wëll wieren nei Diskriminatioune vun heterosexuelle Koppelen ze fäerten[28].