Den Horst Gläsker huet vun 1963 bis 1966 eng Léier als Dekorateur vu Butteksfënstere gemaach an huet duerno, bis 1968 als Plakatmoler geschafft. Vun 1970 bis 1973 war hien um Westfalen-Kolleeg zu Bielefeld an huet do säin Ofschloss (Abitur) gemaach. Parallel dozou war hien als Museker aktiv. An den 1960er Joren huet hien zesumme mat senge véier Bridder Danzmusek gespillt; an de 70er Jore war hien a verschiddene Gruppe vun der Krautrock-Ära aktiv. Um Enn vun de 70er Joren huet hien ugefaange Klangskulpturen ze bauen a Museksperformancen ze maachen. Vun 1973 bis 1979 huet hien zu Düsseldorf op der Konschtakademie studéiert. 1975 huet de Gläsker ee Joer laang an enger Bierghütt an der Toskana gelieft, wou hie Landschafts- a Portraitsbiller gemoolt a sech intensiv mat der Wierkung vun de Faarwe beschäftegt huet. An der Zäit duerno huet hien eng Molerei aus senge Faarfpaletten entwéckelt, en huet um Sperrmüll al Perserteppecher gesammelt wou en dunn d'Ornamenter mat psychedelesche Faarwmustere bemoolt huet; hie gouf doropshin aus der Klass gehäit. De Gläsker huet dunn eleng an engem verloossene Raum geschafft an ass Meeschterschüler beim Karl Otto Götz ginn, dem Professer vum Sigmar Polke a Franz Erhard Walther[1].
Den Horst Gläsker lieft a schafft zu Düsseldorf. Hien ass mat der Margret Masuch-Gläsker bestuet, mat där hien organisatoresch a kënschtleresch zesummeschafft. Der Koppel hir Kanner sinn allebéid Kënschtler: de Louis ass Museker, Auteur a Filmmécher an d'Cecilia ass Filmmécherin, Kamerafra a Fotografin.
1991: Der Tanz des Schüttelgeistes und die Verführung des Ton, Düsseldorfer Schauspielhaus
1992: Gesang der vier Elemente, Konschthal Recklinghausen, Ruhrfestspiele
1993: Der Gesang der vier Elemente und die Verführung des Lichts, fir d'MEDIALE, Deichtorhalle, Kammerspiel, Hamburg an Städtisches Gustav-Lübcke-Museum, Hamm an ARENA DI SKALA, Lindinger a Schmid, Regensburg