De Gradsecteur Ismenius-Lacus gehéiert zu den 30 Gradsecteure vum Mars. Si goufe vum USGS festgeluecht. D'Nummer ass MC-5, de Gradsecteur ëmfaasst e Gebitt vun 300° bis 360° westlecher Längt a vun 30° bis 65° südlecher Breet.
Den Numm staamt vun der Bezeechung vun enger Albedoformatioun am Beräich vu 40°N an 30°W um Mars, d'Géigend gouf nom laténgesche Wuert fir de Séi Ismenius gewielt. Ismenia ass de poeteschen Numm fir Theben.[1]
De Gradsecteur deckt eng Fläch vun zirka 4,9 Millioune km² of, ongeféier 3 % vun der Marsuewerfläch.[2] De Gradsecteur besteet aus zwéin Deeler, den Deuteronilus Mensae an den Protonilus Mensae, zwou Flächen, déi fir d'Wëssenschaftler besonnesch intressant sinn, well si Beweiser fir fréier resp. aktuell glazial Aktivitéiten enthalen. Gläichzäiteg ass d'Landschaft eenzegaarteg um Mars a gëtt am englesche Fretted Terrain genannt. De gréisste Krater ass de Lyot an deem senge Kanäl méiglecherweis Waasser ass.[3][4] Och de gréissten Ausflossdall de Mamers Valles läit do.
Commons: Ismenius Lacus – Biller, Videoen oder Audiodateien |