Jaume Nomen | |
---|---|
Gebuer |
23. Juni 1960 Tortosa |
Nationalitéit | Spuenien |
Aktivitéit | Astronom, Universitéitsprofesser |
De Jaume Nomen Torres, gebuer den 23. Juni 1960 zu Tortosa an der Provënz Tarragona a Katalounien, ass e spueneschen Astronom an Asteroidenentdecker.
Hien ass Professer op der Universitéit Barcelona an ass aktive Member vum GEA (Groupe d'Études Astronomiques) an Direkter vum Unicorn Project 3SSS, dat dräi automatesch Teleskope mat engem Duerchmiesser vun 61 cm am Observatoire Piera, am Observatoire vun L'Ametlla de Mar an am Costitx-Observatorium opstellt fir d'Kapazitéite fir d'Entdeckung an Observatioun vun Asteroiden ze verbesseren.
Hien huet vun 1999 bis 2002 am Ganzen 53 Asteroiden entdeckt[1].
Den Asteroid (56561) Jaimenomen gouf no him genannt.