Jean Welter | |
---|---|
Gebuer |
2. Mee 1901 Esch-Uelzecht |
Gestuerwen |
23. Mäerz 1977 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Boxer |
Kompetitiounsklass | Hallefschwéiergewiicht |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1928, Olympesch Summerspiller 1924 |
Famill | |
Kanner | Jeannot Welter |
![]() |
De Jean Welter, gebuer den 2. Mee 1901 zu Esch-Uelzecht, an do gestuerwen 23. Mäerz 1977[1], war e lëtzebuergesche Boxer an Olympionik[2].
Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1924 zu Paräis an 1928 zu Amsterdam vertrueden[3].
Hie war de Papp vum Jean Welter, Jr. deen op den Olympesche Summerspiller 1948 an 1952 och als Boxer dobäi war.