De Jean d'Arras war e franséischen Dichter-Komponist (Trouvère) aus dem Norde vu Frankräich, deen um Enn vum 14./ Ufank vum 15. Joerhonnert gelieft huet. Iwwer hie selwer ass net vill gewosst.
Zesumme mam Antoine du Val an dem Fouquart de Cambrai huet hien eng Sammlung vu Geschichten zesummegestallt mam ironeschen Titel L'Évangile des quenouilles ("D'Evangelium vun de Spënnerinnen"). De Kader vun der Handlung besteet dodran, datt Fraen, déi zesummesëtzen a spannen, sech iwwer déi ënnerschiddlechst Theorien a Geschichten iwwer Saachen, vun deene se héieren hunn, matenee schwätzen. D'Wierk, aus der Mëtt vum 15. Joerhonnert, ass haut wäertvoll fir d'Wëssenschaft, well et e gudden Abléck an déi deemoleg Gesellschaftkonventiounen, Bräich a Soe gëtt, déi ënner enger décker Couche chrëschtlecher Léier zum Virschäi kommen.
De Jean d'Arras (vun deem ugeholl gëtt, datt et dee selwechten ass), ass (och) den Auteur vun engem laange Prosatext, deen, sou heescht et an der Introduktioun, am Optrag vum Jean de Berry geschriwwe gouf, an deen, je nodeem Roman de Mélusine oder Chronique de Mélusine heescht, am leschte Fall als en Deel vun Le Noble Hystoire de Lusignan, aus dem Joer 1392-94. D'Wierk ass der Marie de Valois, Duchesse de Bar dédicacéiert.
Et handelt sech ëm ee vun den éischte schrëftlechen Temoignagë vun der Seeche vun der Melusina, der Waasser-Nymph, mat engem Frae-Kierper an engem Fëschschwanz, déi sech mat engem Mënsch bestuet huet. Et geet ëm den Opstig an de Fall vum Herrscherhaus Lusignan mat enger ganzer Rëtsch Niewen-Erzielungen. An dëser Versioun ass et de Raimondin, deen där schéiner Melusina am Bësch bei enger Quell begéint, si bestit, 11 Jonge mat hir krut, déi sech alleguer dichteg an de Kräizzich ervirgedoen hunn. D'Melusina huet dem Raimondin verbueden, si samschdes ze gesinn (wa si sech nees an eng Fëschgestalt zeréckverwandelt huet), wat deen, vum Virwëtz gestëppelt, natierlech dach eng Kéier gemaach huet, wouropshin d'Melusina dozou verdaamt gouf, fir ëmmer an där Form ze bleiwen an net kënnen e "chrëschtlechen" Doud ze stierwen.
modern Editiounen