Johann Jacob Baeyer | |
---|---|
![]() | |
Gebuer | 5. November 1794 |
Gestuerwen |
10. September 1885 Berlin |
Nationalitéit | Kinnekräich Preisen |
Aktivitéit | Geodet, Militär, Geograph |
Member vun | Preisesch Wëssenschaftsakademie, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Accademia Nazionale dei Lincei, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften |
Famill | |
Kanner | Adolf von Baeyer |
![]() |
De Johann Jacob Baeyer, gebuer de 5. November 1794 zu Müggelheim bei Berlin, a gestuerwen den 10. September 1885 zu Berlin, war en däitsche Geodet a Generol. Hie war de Papp vum Adolf von Baeyer.
Vun 1813 bis 1815 war hie bei de Preisen an der Infanterie, wou en zum Offizéier an duerno zum Läitnant befërdert gouf. En ass dunn op Koblenz an eng Krichsschoul gaangen, wou e sech intensiv mat der Topographie beschäftegt huet.
Vun 1831 bis 1836 huet hie mam Friedrich Wilhelm Bessel Miessungen an Ostpreise bis zur Ostséiküst gemaach. Vun 1837 bis 1847 huet hie Miessunge vu Berlin bis zur Nordséiküst gemaach.
1861 huet hie virgeschloe ganz Mëtteleuropa ze vermoossen. Doropshin hu sech all Staate vun Europa (bis op England) gëeenegt fir Europa ze vermoossen. Hien huet dat ganzt koordinéiert. Wéinst sengem Asaz gouf hien zum President vun der neigegrënnter International Association of Geodesy, vun där hien och Grënnungsmember war, gewielt.
Commons: Johann Jacob Baeyer – Biller, Videoen oder Audiodateien |