Jupille-sur-Meuse

Jupille-sur-Meuse
D'Kofferpan um Rond-point bei der Brauerei
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Léck
Gemeng Léck
Koordinaten 50°38'49"N, 5°37'59"O
Telefonszon 04
Postcode 4020

Jupille-sur-Meuse, bis 1963 just Jupille, war bis 1977 eng belsch Gemeng. Zanterhier gouf se, am Kader vun enger Gemengefusioun, e Quartier vun der Stad Léck. Se läit, wéi den Numm et seet, op der Meuse.

Jupille war, mat Herstal, d'Residenz vun enger ganzer Rëtsch vu Merowenger a vu Karolenger, dorënner de Pippin de Mëttelsten (deen do gestuerwen ass), de Karl Martell, de Pippin de Jonken an de Karel de Groussen.

Zu Jupille steet d'Brauerei Piedbœuf, déi zu InBev gehéiert, an där hiert bekanntst Produkt d'Béiermark Jupiler ass.


Sektioune vun der Gemeng Léck

Angleur · Bressoux · Chênée · Glain · Grivegnée · Jupille · Léck · Rocourt · Wandre