De Kepler-78b (ufanks KIC 8435766 b genannt) ass en Exoplanéit deen 2013 op enger Distanz zu eiser Äerd vu 400 Liichtjoer entdeckt gouf.[1],[2][3] Den Exoplanéit kreest ëm ee sonnenänleche Stär, mat der Spektralklass G am Stärebild Cygnus, de Kepler-78 op engem Ofstand vu manner wéi 1,6 Millioune Kilometer. Seng Entwécklung ass wéinst senger klenger Distanz zum Stär onkloer. D'Ëmlafbunn läit net an der habitabler Zon.
De Planéit gouf mat Hëllef vum an der Tëschenzäit net méi aktive Kepler-Weltraumteleskop entdeckt. Dat Teleskop hat Hellegkeetsvariatiounen opgezeechent, déi optriede wann e Planéit vun der Äerd aus gesi genee viru sengem Zentralstär laanschtzitt. De Planéit gouf fir d'éischt 2013 obserwéiert an zwar am Kader vun enger Observatioun déi aacht Deeg gedauert huet.[4] Nieft den Hellegkeetsschwankungen hu Reflektioune vun optreffendem Liicht zu senger Entdeckung bäigedroen[5]. Seng Entdeckung gouf den 30. Oktober 2013 fir d'éischt publizéiert.[6][7]
De Stär vun deem de Kepler-78b ëmkreest gëtt, gehéiert zu der Spektralklass G.[7] Fir een Ëmlaf brauch den extrasolare Planéit ongeféier 8,5 Deeg. D'Distanz vum Kepler 78b zu senger Sonn ass nëmmen en honnertstel vum Ofstand tëscht Äerd an eiser Sonn.[8] Duerch déi kuerz Distanz zu senger Sonn, gëtt d'Temperatur op 2200 bis 2800 °C geschat. De Francesco Pepe, een un der Entdeckung bedeelegten Astronom vun der Universitéit Genf, an der Schwäiz, bezeechent de Planéit als äerdgrouss Lavawelt "..it can be imagined like a lava planet rather than an Earth-like planet".[9]
D'Mass vum Kepler-78b läit bei zirka 186 % géigeniwwer der Äerd, wärend hien nëmme 16 % méi grouss ass.[10][11] D'Dicht stëmmt ongeféier mat där vun der Äerd iwwerenee. Heiraus gëtt ugeholl, datt hien haaptsächlech och aus Gestengs an Eise besteet. Tëscht 20 a 60 % vum optreffende Liicht gi reflektéiert.[11]
Hie gehéiert zu enger neientdeckter Klass vun äerdgrousse Planéiten, déi hire Stär a manner wéi 12 Stonnen ëmkreesen an ass deen éischte Planéit aus där Grupp, fir deen d'Mass elo bestëmmt konnt ginn. Seng Entwécklung ass nach onkloer.[12][12]