Léon de la Fontaine | |
---|---|
Gebuertsnumm | François Joseph Albert Léon de la Fontaine |
Gebuer |
18. November 1819 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
5. Februar 1892 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Botaniker, Affekot, Politiker |
Fonctioun | Deputéierten, Justizminister, Finanzminister |
Member vun | Assemblée constituante vun 1848 |
Famill | |
Papp | Gaspard-Théodore-Ignace de la Fontaine |
Mamm | Joséphine Francq |
Geschwëster | Edmond de la Fontaine, Alphonse de la Fontaine |
De François Joseph Albert Léon de la Fontaine, gebuer den 18. November 1819 zu Lëtzebuerg an do[1] gestuerwen de 5. Februar 1892, war e lëtzebuergeschen Affekot, Politiker a Botaniker.
Den 21. Mee 1848 gouf hie Member vun der Constituante, wou hien de Charles Munchen, deen an d'Frankfurter Nationalversammlung geschéckt gouf, ersat huet.[2] Vum 14. Dezember 1866 bis den 18. Juni 1867 war hien Directeur général (Minister) vun der Justiz an, am Ufank, och vun de Finanzen an der Regierung de Tornaco.[3]
De Léon de la Fontaine war vun 1867 u membre agrégé (membre correspondant) vun der Société des Sciences naturelles,[4] der spéiderer wëssenschaftlecher Sektioun vum Institut grand-ducal, a Grënnungsmember vun der botanescher Gesellschaft (Société de botanique oder Société botanique).[5] Hien huet sech besonnesch fir Pteridophyten (Faren) intresséiert.
De Léon de la Fontaine hat sech de 27. Februar 1852 mat der Anne Marie Jos. Fr. Collart (1827-1893), der Duechter vum Charles Joseph Collart (1775-1841), bestuet. Hie war de Fils vum Théodore de la Fontaine an de Brudder vum Edmond de la Fontaine ("Dicks") a vum Alphonse de la Fontaine.