Lara Heinz | |
---|---|
Gebuer |
27. Mee 1981 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schwëmmer, Dokter |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 2004, Olympesch Summerspiller 2000 |
D'Lara Heinz, gebuer de 27. Mee 1981 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Doktesch, fréier Schwëmmerin an Olympionickin.[1]
D'Lara Heinz ass beim Le dauphin zu Ettelbréck geschwommen a si war déi éischt Lëtzebuergerin, déi d'100-m-Nage libre (de 14. Abrëll 1996 an der Coque mat 59"74) a manner wéi enger Minutt geschwommen ass. Si war och déi éischt lëtzebuergesch Schwëmmerin an der Nage libre bei Olympesche Spiller.
1998 ass si d'100 m a manner wéi 58"00 geschwommen, där Zäit déi vum COSL als Norm festgeluecht gi war.
Op den Olympesche Summerspiller zu Sydney am Joer 2000 war si déi jéngst Athletin an der 7-käppeger Lëtzebuerger Ekipp. Si war deemools op Deuxième am Dikrecher Kolléisch an huet als éischt Lëtzebuerger Sportlerin vu legale Kader profitéiert fir ee Schouljoer an zwee Joer opzedeelen.
Si hat zu Sydney follgendes opweises:
No hirem Lycéesofschloss huet d'Lara Heinz zu Bonn Medezin studéiert a war do am Schwammclub SSF Bonn 05 aktiv. Sie huet op den Olympesche Summerspiller 2004 zu Athen matgemaach a hat follgend Resultater:
Mat 80 Meeschtertitelen a 75 Landesrekorden huet d'Lara Heinz no hirer Participatioun op de Spiller vun Athen mat hirer professioneller Karriär opgehalen[3].
No hirer Première am Dikrecher Kolléisch (2001) huet si vun 2001 bis 2008 op der Rheinische Friedrich-Wilhelms-Universität zu Bonn Medezin studéiert an 2008 hiren 3. Staatsexame gemaach. Duerno huet si noeneen am St. Franziskus Kreiskrankenhaus zu Saarburg an am Krankenhaus der Barmherzigen Brüder zu Tréier geschafft.
Si schafft haut als Doktesch (Fachärztin für Orthopädie & Unfallchirurgie) an enger Praxis zu Éiter[4].
D'Lara Heinz ass bestuet a Mamm vun zwee Kanner[4].