| |||||
---|---|---|---|---|---|
D'Märei | |||||
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Grand Est | ||||
Departement | Meuse | ||||
Arrondissement | Bar-le-Duc | ||||
Kanton | Vaucouleurs | ||||
Koordinaten | 48° 45’ 52’’ N 05° 17’ 02’’ O | ||||
Fläch | 1.347 ha | ||||
Bevëlkerung | 464 (2012) |
Loisey ass eng franséisch Gemeng an der Meuse an der Regioun Grand Est.
D'Gemeng hat 1973 mat der Gemeng Culey zur Gemeng Loisey-Culey fusionéiert, déi deemools am Kanton Ligny-en-Barrois louch. Den 1. Juli 2014 gouf déi Fusioun duerch e Geriichtsuertel opgeléist[1] an déi zwou Gemenge goufen nees eegestänneg a goufen am Mäerz 2015 bei der Kantonalreform bei de Kanton Vaucouleurs geprafft.
D'Nopeschgemenge si Géry, Salmagne, Culey, Tronville-en-Barrois, Érize-Saint-Dizier a Lavallée.
Loisey läit op enger Héicht vun 245 Meter. Um Territoire vun der Gemeng hunn e puer Baachen alleguer Nieweflëss vum Ornain hir Quellen. Déi wichtegst sinn de Ruisseau de Bumont, Les quatre Fossés an de Ruisseau du Tillois.