Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Luc Emering | |
---|---|
Gebuer | 13. Juli 1996 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Lycée Michel-Rodange, Technesch Héichschoul Bingen |
Aktivitéit | Agraringenieur, Politiker |
Partei | Demokratesch Partei |
Fonctioun | Gemengeconseiller, Schäffen, Deputéierten |
De Luc Emering, gebuer den 13. Juli 1996[1], ass e lëtzebuergeschen Agraringenieur a Politiker (DP).
No senger Première am Lycée Michel Rodange huet de Luc Emering op der Technische Hochschule Bingen[2] säi Bachelor of Science (B. Sc.) an der Agrarwirtschaft gemaach[3].
Hie bedreift zesumme mat sengen Elteren zu Sprénkeng de Bioshaff „Dudel-Magie” deen op d'Zille vu Poulete spezialiséiert ass[4]. A senger Fräizäit restauréiert hien al Trakteren[3].
De Luc Emering ass zanter 2016 Member an der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, Süden asbl an zanter 2018 Member am Nationalkommitee vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren[5]. Vun 2020 u war hien – zesumme mat der Angèle Mersch – Copresident vun där Asbl[3]. Uganks 2023 huet hien dee Posten opginn[6].
Bei de Gemengewalen 2017 gouf hien an de Gemenegrot vun der Gemeng Dippech gewielt[7] a bei deene vun 2023 huet hien et an de Schäfferot gepackt[8].
2023 huet hie fir d'Chamberwale kandidéiert a gouf fir d'DP am Bezierk Süden an d'Chamber gewielt[9].