Léon Letsch | |
---|---|
Gebuer |
20. Mee 1927 Mamer |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller |
Positioun oder Spezialitéit | Stiermer |
Veräin/Ekipp |
C.A. Spora Lëtzebuerg, C.A. Spora Lëtzebuerg, Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1952 |
Famill | |
Kanner | Ralph Letsch |
De Léon Letsch, gebuer den 23. Mee 1927 zu Mamer, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.[1]
Tëscht dem 4. Mee 1947 am 11. Mee 1961 huet de Léon Letsch an 53 Matcher fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp 10 Goler geschoss.[2]
Vun 1950 bis 1953 huet hie bei der franséischer Profisekipp vum C.O. Roubaix-Tourcoing gespillt.
1952 war hien an der lëtzebuergescher Selektioun bei den Olympesche Summerspiller zu Helsinki.[3]
Hien ass mat der Nicole Frantz, der Duechter vum Vëlossportler Nicolas Frantz bestuet.