![]() |
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Léon Moutrier | |
---|---|
Gebuer |
18. Dezember 1872 Esch-Uelzecht |
Gestuerwen |
1940 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Diplomat, Politiker |
Fonctioun | Member vum Staatsrot, Justizminister |
![]() |
De Léon Moutrier, gebuer den 10. Dezember 1872 zu Esch-Uelzecht[1] a gestuerwen den 13. Oktober 1940 an der Stad Lëtzebuerg[2] war e lëtzebuergesche Politiker.
Vum 24. Februar 1916 bis den 19. Juni 1917 war hie Generaldirekter (Minister) fir den Interieur a fir den ëffentlechen Unterrecht (instruction publique) an der Regierung Thorn a vum 19. Juni 1917 bis den 28. September 1918 Generaldirekter vun der Justiz an dem ëffentlechen Unterrecht an der Regierung Kauffman.[3]
Hie war duerno vum 28. September 1918 bis den 21. Dezember 1936 Member vum Staatsrot.
De Moutrier war President vun der Chambre des comptes, e Poste fir deen d'Chamber hien am Oktober 1918 proposéiert huet.[4]