Mark Burgess | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
26. Abrëll 1957 London |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Illustrateur |
![]() |
De Mark Burgess, gebuer de 26. Abrëll 1957 zu Chislehurst (deemools nach Kent, vun 1965 un London Borough of Bromley), ass en englesche Schrëftsteller an Illustrator vu Kannerbicher.
No sengem Konschtstudium op der Slade School of Fine Art (London), huet de Burgess eng kuerz Zäit am Zoo vu London (London Zoo) an an enger Bibliothéik zu Cambridge geschafft. Duerno huet hien ugefaangen, fulltime ze schreiwen a seng eegen oder aneren Auteuren hir Bicher z'illustréieren.[1]
De Mark Burgess huet d'Illustratiounen, am Stil vum E. H. Shepard, fir dem David Benedictus seng Fortsetzung vun de Winnie-the-Pooh-Geschichten, déi 2009 als Return to the Hundred Acre Wood erauskomm ass, geliwwert.